En AGB-Stär ass e kille Stär deen an enger spéider Entwécklungsphas ass a staark liicht. Waasserstoff an Helium an der Kärregioun vum Stär sinn an där Phas schonn duerch d'Kärfusioun verbraucht.

D'Entwécklung vu Stären ënnerscheedlecher Mass am Hertzsprung-Russell-Diagramm. Den asymptotesche Risenaascht, ofgekierzt als AGB, weist e Stär mat zwou Sonnemassen.

Stäre mat enger Mass vu ronn 1 bis 8 Sonnemassen duerchlafen am Verlaf vun der Stärentwécklung d'AGB-Stadium. Fir d'Éischt si se wärend dem Waasserstoffbrennen an der Kärregioun op der Haaptrei am Hertzsprung-Russell-Diagramm. Wann de Waasserstoff vun der Kärregioun zu Helium fusionéiert ass, verlagert sech d'Waasserstoffbrennen an enger Schuel ëm de Kär, de Stär gëtt doduerch e killen, awer liichtkräftege Roude Ris um Risenaascht vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.

Bei Stären déi genuch Mass hunn, setzt d'Heliumbrennen herno nees an der Kärregioun un. Si ginn erëm méi waarm a verlagere sech zum Horizontalaascht vum Hertzsprung-Russell-Diagramm. Ass och den Helium vun der Kärregioun duerch d'Kärfusioun verbraucht, verlagert sech d'Heliumbrennen an enger Schuel ëm de Kär. De Stär gëtt nees méi kill a liichtstaark. Hie kënnt dem Risenaascht nees méi no, an ass dann um sougenannten asymptotesche Risenaaascht (engl. Asymptotic Giant Branch, Ofkierzung AGB).

Géint der Enn vun der AGB-Phas kënn de Stär vill u Mass verléieren an eventuell zu engem Planetareschen Niwwel féieren. AGB-Stäre räicheren den interstellare Medium mat schwéieren Elementer un.

AGB-Stäre si verännerlech Stäre vu verschiddenen Typpen, wéi z. B. Mira-Stären.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie