Associazione Calcio Milan
A.C. Milan | ||||
Offiziellen Numm: | Associazione Calcio Milan | |||
---|---|---|---|---|
Spëtznumm: | Rossoneri | |||
Veräinsfaarwen: | Rout-Schwaarz | |||
Grënnung: | 1899 | |||
Stadion: | Stadio Giuseppe Meazza, San Siro, Mailand | |||
Plazen: | 80 018 | |||
President: | Paolo Scaroni | |||
Trainer: | Stefano Pioli | |||
Liga: | Serie A | |||
Saison: | 2022/23 | |||
Positioun: | 4. | |||
|
Den AC Mailand (offiziell Associazione Calcio Milan) ['milan] ass en italieenesche Foussballclub vu Mailand.
Mat 18 nationale Meeschterschaftstitelen, fënnef Coupe-Gewënner, als siwemolege Gewënner vun der Europa-Coupe vun de Landesmeeschteren resp.der UEFA Champions League an als véiermolege Gewënner vun der Welt-Coupe ass den AC Mailand eng vun de Veräinsekippe mat deem meeschte Succès vun der Welt. De Stadion San Siro (offiziell Giuseppe-Meazza-Stadion - kuckt méi ënnen) deelt e sech mam Lokalrival Inter Mailand.
Stadion
ännerenDen offiziellen Numm vum Foussballstadion vum AC Milan an dem Inter Mailand ass Giuseppe-Meazza Stadion. Den Numm gouf nom Ëmbau zu Éiere vum Foussballspiller Giuseppe Meazza verginn. De Meazza huet haaptsächlech bei Inter (348 Spiller) a beim AC Milan (37 Spiller) gespillt. Trotzdeem gëtt de Stadion weiderhi mat sengem alen Numm San Siro genannt. De San Siro ass den Numm vum Quartier, wou de Stadion steet. De Stadion huet eng Capacitéit vun 80.018 Sëtzplazen, déi an dräi Räng agedeelt sinn.
Galerie
änneren-
Den AC Mailand 1901
-
Den AC Mailand 2003
-
De Stadion San Siro
Um Spaweck
ännerenCommons: A.C. Milan – Biller, Videoen oder Audiodateien |