FC Internazionale Milano

Inter Mailand
Offiziellen Numm: Football Club Internazionale Milano
Spëtznumm: Inter, Nerazzurri, Beneamata
Veräinsfaarwen: Schwaarz-Blo
Grënnung: 1908
Stadion: Stadio Giuseppe Meazza,
San Siro, Mailand
Plazen: 82 955
President: Erik Thohir
Liga: Serie A
Saison: 2022/23
Positioun: 3.
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den Inter Mailand (offiziell Football Club Internazionale Milano) ass en italieenesche Foussballclub vu Mailand, deen am Joer 1908 vun Dissidente vum Lokalrival AC Mailand gegrënnt gouf. Den Inter spillt am Moment (Saison 2022/23) an der éischter italieenescher Liga, der Serie A.

Mat 19 nationale Meeschterschaftstitelen, 7 Coupe-Gewënner, als dräimolege Gewënner vum UEFA Cup, als dräimolege Gewënner vun der Europa-Coupe vun de Landesmeeschtere respektiv vun der UEFA Champions League an als eemolege Gewënner vun der Welt-Coupe ass den Inter Mailand eng vun de Veräinsekippe mat deem meeschte Succès vun der Welt. De Stadion San Siro deelt e sech mam Lokalrival AC Mailand.

Geschicht änneren

 
Den Inter 1909/10

Den 9. Mäerz 1908 fanne sech 44 Dissidente vum AC Mailand (deemools nach Milan Club) zesummen, déi net mat der Leedung vun hirem ale Club averstane sinn. Milan Club hat nämlech just italieenesch Foussballspiller. Sou ass d'Internazionale Milano entstanen. Déi éischt Ekipp vun Inter huet also deemno haaptsächlech aus internationale Foussballspiller bestanen (an deem heite Fall Schwäizer): Cocchi; Kappler, Marktl; Niedermann, Fossati, Kummer; Gama, Du Chene, De Vere, Wipft, Volke a Schuler. D'Veräinsfaarwe ware schonn deemools Blo a Schwaarz, fir de Kontrast mam Milan Club ze weisen.

Den éischten Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss: An der Saison 1909/10 huet den Inter schonn d'Meeschterschaft gewonnen. Zanterhier spillt den Inter konstant, an ass och déi eenzeg Ekipp déi nach ni aus der héchster italieenescher Liga erausgefall ass.

An de 60er Joren ass den internationalen Duerchbroch gelongen. De groussen Inter (Grande Inter), trainéiert vum legendären Helenio Herrera huet all international Tropheeë gewonnen: zweemol hannereneen (1963 an 1964) den Europapokal vun de Landesmeeschter (deemoleg UEFA Champions League), an zweemol de Weltpokal.

An de 70er, 80er an 90er Jore war den Inter haaptsächlech op nationalem Niveau erfollegräich: eng sëllege Meeschterschaften, Coupen a Supercoupen. Den éischten internationalen Erfolleg no de 60er war 1991 den UEFA-Cup.

De Succès vun de 60er ass 2011 ënner der Leedung vum Trainer José Mourinho widderholl ginn. An der Saison 2010/11 huet den Inter all Pokal gewonnen: Meeschterschaft, Coupe, Champions League a Weltpokal. Den Inter ass deemno déi éischt italieenesch Ekipp déi et fäerdeg bruecht huet, all nationalen an internationale Pokal, an enger eenzeger Saison ze gewannen.

Stadion änneren

Den Offiziellen Numm vum Foussballstadion vum Inter Mailand ass den Giuseppe-Meazza Stadion. Den Numm gouf nom Ëmbau zu Éiere vum Foussballspiller Giuseppe Meazza verginn. De Meazza huet haaptsächlech beim Inter (365 Spiller) a beim AC Milan (37 Spiller) gespillt. Hie gëllt haut nach, als ee vun den erfollegräichste Spiller aus Italien. Trotzdeem gëtt de Stadion weiderhi mat sengem alen Numm San Siro genannt. San Siro ass den Numm vum Quartier, wou de Stadion steet. De Stadion huet eng Capacitéit vun 82.955 Sëtzplazen, déi an dräi Räng agedeelt sinn.

Trikot änneren

Zanter 1908 huet sech den Trikot vun Inter vill geännert:

1928-1929
1964-1965
1988-1989
1997-98
2003-2004
2007-2008
2009-10
2010-2011

Um Spaweck änneren

Commons: FC Internazionale Milano – Biller, Videoen oder Audiodateien