De Stadio Giuseppe Meazza ass e Foussballstadion am Quartier San Siro zu Mailand. De Stadion gëtt ëmgangssproochlech einfach San Siro genannt. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 82.955 Plazen ass et de gréisste Foussballsstadion an Italien.

Stadio Giuseppe Meazza

De Grondstee fir de Stadion gouf 1925 geluecht, an en ass den 19. September 1926 opgemaach ginn. Den Numm gouf no dem Ëmbau zu Éiere vum Foussballspiller Giuseppe Meazza verginn. De Meazza huet haaptsächlech bei Inter Mailand (365 Spiller) a beim AC Mailand (37 Spiller) gespillt. Hie gëllt haut nach, als ee vun den erfollegräichste Spiller aus Italien. De Stadion ass 1990 restrukturéiert ginn. Déi aktuell Architektur ass d'Wierk vum Architekt Ulisse Stacchini.

D'Foussballfeld ass 105 x 68 m grouss, a gëtt vun der UEFA an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Et ass de Stadion op deem déi zwou Ekippe vu Mailand, Inter Mailand an AC Mailand, hir Heemspiller ausdroen. De Lokalderby tëscht Inter Mailand an AC Mailand gëtt Derby della Madonnina genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Stadio Giuseppe Meazza – Biller, Videoen oder Audiodateien