Réunion européenne des étudiants luxembourgeois
D'Réunion européenne des étudiants luxembourgeois, kuerz REEL, ass e Studententreffen, dat zanter 1984 am Prinzip all Joer organiséiert gëtt. Déi Treffe ginn am Kader vun engem Partenariat tëscht der Association des cercles d'étudiants luxembourgeois (ACEL), an deem Studentencercel, bei deem d'Treffen ass, organiséiert. Op der Generalversammlung vun der ACEL am Dezember stellen (gewéinlech zwéin) Studentencercelen hir Kandidatur, fir d'REEL z'organiséieren, an d'Vertrieder vun de Cercele wielen dann a watfir enger Stad d'REEL organiséiert gëtt.
Sënn vun der REEL
ännerenDe Sënn vun enger REEL ass et aktuell Sujeten aus dem Studenteliewen, sief et vu politescher, ekonomescher mä och vu sozialer oder kultureller Natur, opzegräifen a se zesumme mam lëtzebuergeschen Héichschoulminister ze diskutéieren. Dat geschitt a Form vun Diskussiounsronnen, Workshoppen a Presentatiounen, woubäi och Kontakter mat der Aarbechtswelt geknëppt kënne ginn. Ausserdeem gëtt duerch déi gemeinschaftlech Aktivitéiten den Zesummenhalt an d'Frëndschaft tëscht de lëtzebuergesche Studentencercele weider verstäerkt.
De Programm vun enger REEL
ännerenEng REEL dauert an der Reegel 4 Deeg (donneschdes bis sonndes). Nieft de Schwéierpunkte vun aktuelle Suergen a Fuerderunge vun de Studenten, steet d'REEL och all Joer ënner engem Motto. Dëst ass e generellt Theema, vu Bedeitung am europäesche Raum, wat et de Studenten erlaabt sech iwwer hir Discipline eraus mat Problematiken op europäeschem Plang auserneenzesetzen. D'REEL bitt ausserdeem d'Méiglechkeet déi jeeweileg Stad a Regioun kennenzeléieren a sech op kulturellem Plang weiderzebilden. Wirtschaftlech oder politesch Aspekter ginn ausserdeem duerch Visite vu Firmen an Institutioune méi no bruecht.
Duerch deen eemolege Rassemblement vun diverse Studenten aus verschiddene Fachrichtunge bitt d'REEL eng excellent Plattform fir Rekrutement an Informatiounsaarbecht. Vill Entreprisen ënnerstëtzen dëst Evenement an notzen d'Geleeënheet aus fir sech de Studente virzestellen.
REEL.ORG a.s.b.l.
ännerenFir eng besser Kontinuitéit an d'Organisatioun vun dësem Studententreffen ze kréien, hunn d'Stroossbuerger Studenten am Joer 2006 dee wichtege Schrëtt ënnerholl, eng eege Vereenegung ze grënnen, d'REEL.ORG. De Kontakt zu Wirtschaft, Politik a Medie gouf duerch d'Kreatioun vun dëser a.s.b.l. verbessert. D'Acquisitioun vum Domain www.reel.lu erméiglecht eng dauerhaft Representatioun vun de Schwéierpunkten a Resultater vun deene vergaangene REELen.
Historique
ännerenAn dëse Stied gouf d'REEL bis elo ausgedroen
- 1984 Karlsruhe
- 1986 Innsbruck
- 1987 Paräis
- 1988 Louvain-la-Neuve
- 1989 Zürich
- 1990 Kaiserslautern
- 1991 Montpellier
- 1992 Innsbruck
- 1993 Stroossbuerg
- 1994 Lëtzebuerg
- 1995 Aix-en-Provence
- 1996 Manchester
- 1997 Oochen & Köln
- 1998 Wien
- 1999 Karlsruhe
- 2000 Zürich
- 2001 München
- 2002 Bréissel
- 2003 Tréier
- 2004 Lausanne
- 2005 Oochen
- 2006 Stroossbuerg
- 2007 München
- 2008 Paräis
- 2009 Karlsruhe
- 2010 Zürich
- 2011 Bréissel
- 2012 Oochen
- 2013 Stroossbuerg
- 2014 München
- 2015 Tréier
- 2016 Kaiserslautern
- 2017 Köln & Bonn
- 2018 Bréissel
- 2019 Oochen
- 2020 München (ofgesot)
- 2021 München
- 2022 Heidelberg & Karlsruhe
- 2023 Innsbruck
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- www.reel.lu, de Site vun der REEL.
- www.acel.lu, de Sitt vun der ACEL.