82. US-Loftlandedivisioun

Déi 82. Loftlandedivisioun (82nd Airborne Division), genannt All American oder America's Guard of Honor, ass déi éischt Loftlandedivisioun vun der US-Arméi a mat zirka 14.000 Zaldoten de gréisste Loftlandeverband op der Welt.

Badge vun der 82nd Airborne Division

D'Divisioun déi zanter 1944 zum 18. US-Loftlandecorps gehéiert, ass vun 1942 un am Fort Bragg an North Carolina, stationéiert, an huet den Optrag, bannent 18 Stonnen no engem Alarm, op all Plaz vun der Welt gefechtsbereet ze sinn.

Si huet sech besonnesch am Zweete Weltkrich bei der Landung an der Normandie, der Operatioun Market Garden, der Operatioun Varsity an an der Ardennenoffensiv ausgezeechent. Unitéite vun der Divisioun waren am Vietnamkrich an an der Karibik mat derbäi. 1991 ware s'am Zweete Golfkrich, an duerno am Kosovo an am Afghanistan. 2003 ware s'am Irakkrich am Asaz.

Um Spaweck änneren

Commons: 82nd Airborne Division – Biller, Videoen oder Audiodateien