Loftlandetrupp
Loftlandetruppen ((fr):troupes aéroportées; (en): airborne forces) sinn am Allgemengen Unitéite vun der Landarméi, meeschtens Infanteriestruppen déi mat Fligeren oder Helikopteren an e Kampfgebitt bruecht ginn.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/87/US_Army_Airborne_basic_parachutist_badge.gif/200px-US_Army_Airborne_basic_parachutist_badge.gif)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6e/C-130_EODMU-11_static_jump_2004.jpg/400px-C-130_EODMU-11_static_jump_2004.jpg)
Se ginn och nach dacks einfach Falschiermjeeër oder Parastruppe genannt.
Am Zweete Weltkrich goufe Laaschtesegleren, besonnesch beim Debarquement an der Normandie agesat, wat et erméiglecht huet fir heemlech ze landen, a schwéiert Material wéi Jeepen oder liicht gepanzert Gefierer hanner de feindleche Linnen ofzesetzen.
Déi bekanntst Loftlanndetruppen am Zweete Weltkrich waren:
Englesch Truppen:
Amerikanesch Truppen:
- 11. US-Loftlandedivisioun
- 13. US-Loftlandedivisioun
- 17. US-Loftlandedivisioun
- 82. US-Loftlandedivisioun
- 101. US-Loftlandedivisioun
Vun 1944 un waren déi brittesch Divisiounen am 1. Airborne Corps ënner dem Generol Frederick Browning regruppéiert, an déi 17., 82., an 101. US-Divisiounen am Kader vum ETO, am XVIII. Airborne Corps ënner dem Generol Matthew Ridgway.
Déi zwéi Corpse hunn zur First Allied Airborne Army gehéiert ënner dem Kommando vum US-Generol Lewis Brereton.