La Madeleine (Paräis)

Kierch am 8. Arrondissement vu Paräis.

La Madeleine ((fr) Église de la Madeleine) ass eng Kierch op der Place de la Madeleine am 8. Arrondissement vu Paräis. Si ass e perfekt Beispill fir den neoklassizisteschen Baustil mat aacht Sailen op der Fass (Octostil).

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer eng Kierch oder Kapell. Wann der méi iwwer dëst Theema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
La Madeleine
La Madeleine (2014)

La Madeleine (2014)
La Madeleine (2014)
Uertschaft / Plaz Paräis
Konsekratioun 09.10.1845
Architekt(en) Pierre Contant, Jacques-Marie Huvé
Baujoer 1763 - 1842
Koordinaten 48° 52’ 12’’ N
      02° 19’ 27’’ O
Kierchen - Kapellen

De Bau vun der Kierch huet 1764 nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember 1791 opgrond vun der Franséischer Revolutioun missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt Jacques-Marie Huvé (1783-1852) nees opgeholl an am Joer 1842 ofgeschloss, d'Konsekratioun war den 9. Oktober 1845.

Den Interieur staamt gréisstendeels aus de Joren 1830-1840. Als besonnesch kuckeswäert gëllt d'Statu vun der Helleger Maria Magdalena vum Carlo Marochetti.

D'Uergel vum franséischen Uergelbauer Aristide Cavaillé-Coll (1811-1899) zielt zu enger vun de klangvollste vun der Stad.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: La Madeleine (Paräis) – Biller, Videoen oder Audiodateien