D'1919 a.s.b.l. ass ee klenge Veräi dee sech mat der objektiver Opschaffung vun der Geschicht vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger Republik a vun den eenzelen Acteure an deem Zesummenhang beschäftegt. Déi privat Meenungen an Engagementer vun de jeeweilege Membere iwwer d'Fro vu « Monarchie oder Republik » sinn onofhängeg vun där vun der Associatioun, déi als neutral gëllt.

1919 a.s.b.l.
Ofkierzung 1919
Zweck Veräin
Grënnungsdatum 14. August 2018
Memberen 4 (Stand Januar 2024)
Sëtz Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg
President Claude Frentz
Generalsekretär Jan Guth
Keessjee Aldo Sagramola
Websäit 1919.lu

D'Joer 1919 war weeder de wierklechen Ufank, nach de Schluss vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg. Allerdéngs ass et d'Joer gewiescht, wou et déi éischt Lëtzebuerger Republik ginn ass. Dohier stäipt sech den Numm vun der Associatioun op dëst explizitt Joer, a verfollegt déi Lëtzebuergesch republikanesch Beweegungen, wéi och d'Lëtzebuerger Republik vun hiren Ufäng bis an déi haiteg Zäit.

Objektiver änneren

D'Associatioun beschäftegt sech deemno mat der historesch neutraler, an objektiver Opschaffung vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger Republik an de verbonnene Biographien. Déi allgemeng Objektiver sinn déi gesellschaftlech manner diskutéiert an déi zum Deel geschichtlech wéineg opgeschafft Deeler ze beliichten ; en online an analoge Katalog zesummenzestellen, wou sämtlech Informatiounen dokumentéiert sinn ; d'Biographië vun den eenzele Personnagen déi direkt oder indirekt matgewierkt hunn nei opzeschaffen ; een “digitalen Zentrum” ze etabléiere fir sämtlech Dokumenter an Artefakten der Ëffentlechkeet zu Verfügung ze stellen ; an d'Aktualitéit ze verfollegen an iwwert all Konferenzen, Foren a Publikatiounen zu dësen Themen z'informéieren.

Grënnung änneren

 
Jean Rhein (2014)
 
Den Henri Wehenkel als Invité op der éischter Konferenz vun der Associatioun. (14.11.2018)
 
D'Organisateuren, de Panel an d'Moderateuren den 11. Januar 2019. hanne v.l.o.r.: Claude Frentz ; Luc Laboulle ; Frédéric Krier ; Renée Wagener ; Jacques Maas ; Pol Schock ; Denis Scuto. vir v.l.o.r.: Aldo Sagramola ; Jan Guth ; Daniel Lieser.

Am Januar 2018 huet de Quotidien-Journalist a Republikaner, Jean Rhein, de Claude Frentz, de Jan Guth an den Aldo Sagramola zesummebruecht fir iwwert déi republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger Republik ze diskutéieren a weider Nofuerschungen unzestellen.

Nom Jean Rhein sengem Doud ass d'1919 a.s.b.l. a sengem Gedenken de 14. August 2018, den Dag vu senger Bäisetzung, offiziell zu Esch-Uelzecht vun de Leit vun der éischter Stonn, wéi och dem Daniel Lieser gegrënnt ginn.

Aktiviéiten änneren

D'Associatioun huet direkt an den éischte 6 Méint no hirer Grënnung, zwee gréisser Evenementer ofgehalen, déi zesumme méi wéi 100 Intresséierter an de Konferenzsall vum OGB-L an an de Café Streik zu Esch-Uelzecht bruecht hunn.

De 14. November 2018 huet den Henri Wehenkel den Optakt vun dem éischten Evenement mat enger Konferenz mam Titel 10. November 1918: Verkündung der Republik in Luxemburg gemaach. Knapps zwéi Méint drop, den 11. Januar 2019, hunn d'Renée Wagener, de Frédéric Krier, de Jacques Maas an den Denis Scuto e Ronndëschgespréich iwwert Revolutionstage in Luxemburg 9. & 10. Januar 1919 mat Moderatioun vun den deemolegen Tageblatt-Journaliste Luc Laboulle a Pol Schock gefouert.

Zanter dem Ufank vun der Grënnung gi sämtlech recherchéiert Informatiounen zesummegedroen. De Claude Frentz schreift zanterhier och un engem Buch, wat déi ganz Kapitelen aus der Siicht vun der populärer Geschichtsfuerschung an de Fokus réckele soll.

 
Een Theaterstéck iwwert déi republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg am zäithistoresche Kontext vum November 1918 bis Januar 1919, war den 11. Juli 2019 am Kasemattentheater ze gesinn.

Kontroversen änneren

Déi éischt Kontrovers an der nach zu deem Zäitpunkt jonker Geschicht vum Veräin, ass duerch een online Artikel vum deemolegen Tageblatt-Journalist Luc Laboulle komm. D'Online-Redaktioun vun der Dageszeitung hat den Artikel ënnert dem Titel "Weg mit dem Großherzog – Verein will die Luxemburger Revolutionstage von 1919 untersuchen" bruecht, obwuel den original Titel an der Drockversioun mat "Revolutionstage in Luxemburg: Die 1919 asbl will die republikanischen Ereignisse von vor 100 Jahren aufarbeiten" ze fanne war.[1]

An engem Artikel vum Lëtzebuerger Land huet de Jan Guth erkläert datt et op zwou A4-Säite eng Lëscht vu Persoune géif, déi prett wiere fir Member ze ginn, virausgesat, datt d'Associatioun sech ee politeschen Agenda géif gi fir eng nei republikanesch Beweegung ze grënnen.[2] De Veräi strieft a senger jëtzeger Form an Ausriichtung kee politescht Mouvement un, an huet och net d'Intentioun eng politesch Partei ze ginn. D'Ziler sinn an de Statuten definéiert an de Veräi riicht sech derno.

No de jeeweileg béide Presenzen an der Press, sinn et souwuel Ënnerstëtzungen, wéi och Ufeindungen géigeniwwer de Membere vun der Associatioun ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: 1919 a.s.b.l. – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (en) 1919.lu - Internetsäit vun der 1919 a.s.b.l.

Referenzen änneren

  1. Tageblatt (2018) — Rechtzeitig zum Jahrestag: Junger Verein will die Luxemburger Revolutionstage von 1919 untersuchen
  2. d'Lëtzebuerger Land (2022) — "Alles wie gehabt." land.lu, 16.09.2022.