Den 103P/Hartley, fréier bezeechent als P/Hartley 2, ass e kuerzperiodesche Koméit mat enger Ëmlafzäit vu 6,46 Joer. E gouf 1986 vum Malcolm Hartley mam UK Schmidt Telescope um Siding-Spring-Observatoire entdeckt.

103P/Hartley
De Kär vum 103P/Hartley
Orbittyp kurzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,47
Perihel 1,06 AE
Aphel 5,88 AE
Exzentrizitéit 0.695
Perihelduerchgank 28. Oktober 2010
Ëmlafdauer 6,46 Joer
Ëmlafvitess km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser 1,14 ± 0,16 km
Albedo 0,028
align="center" colspan="2" Entdecker Malcolm Hartley
Entdeckungsdatum 15. Mäerz 1986
Aner Bezeechnungen P/Hartley 2

Observatioun a Fuerschung änneren

Observatioune mam Spitzer-Weltraumteleskop am August 2008 hate gewisen, datt de Kär vum Koméit e Radius vun 0,57 ± 0,08 km an eng Albedo vun 0,028 huet. D'Mass vum Koméit gëtt op ongeféier 3 ∙ 1011 kg geschat. Wann de Kär net auseneebrécht oder mat engem aneren Objet zesummestéisst, wäert hie bei sengem aktuelle Masseverloscht nach ronn 100 Mol ze gesi sinn (dat si 700 Joer).

Den 20. Oktober 2010 war de Koméit op enger Distanz vun 0,12 AE laanscht d'Äerd geflunn, nëmmen aacht Deeg viru sengem Perihelduerchgank (seng noost Distanz zu der Sonn) den 28. Oktober 2010. Wärenddeem konnt de Koméit mat enger visueller Hellegkeet vun ongeféier 5 mag bei gudde Wiederbedingunge mat bloussem A am Stärebild Cygnus observéiert ginn. Et gëtt ugeholl, datt den Hartley 2 nom Duerchgank 2010 déi nächste Kéier den 20. Abrëll 2017 de Perihel duerchleeft.

D'Raumsond Deep Impact hat am Kader vun der EPOXI-Missioun den 103P/Hartley op enger Distanz vu 700 km passéiert (4. November 2010).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 103P/Hartley – Biller, Videoen oder Audiodateien