Žarko Lukić

lëtzebuergesche Foussballspiller

Den Žarko Lukić, gebuer den 22. Mee 1983 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Žarko Lukić
Gebuer 22. Mee 1983
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ugräifer
Gréisst 184 Zentimeter
Gewiicht 80 kg
Veräin/Ekipp C.A. Spora Lëtzebuerg,
FC Swift Hesper,
CS Péiteng,
F91 Diddeleng,
UN Käerjéng 97,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Karriär änneren

Hien huet beim Swift Hesper ugefaange Foussball ze spillen. 2004 huet hie bei den CS Péiteng gewiesselt, wou hien awer ni zum Asaz koum. No enger Saison huet hien 2007 bei den F91 Diddeleng gewiesselt, wou hien e Kontrakt bis 2010 hat. Nodeem säi Kontrakt net verlängert gouf, huet hie bei den CSO Amnéville gewiesselt. An der Saison 2010/11 ass hien op 8 Asätz komm, an huet dobäi 2 Goler geschoss. Zanter der Saison 2011/12 spillt hie bei der Jeunesse vun Esch.

Hien huet den 30. Januar an de 26. Mäerz 2008 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Referenzen änneren

  1. Den Zarko Lukic op der Websäit Weltfussball.de
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Žarko Lukić op der Websäit vun European Football