Aralséi

fréierer Salzséi an Zentralasien

Den Aralséi (Betounung um éischten A; Kasachesch Арал теңізі Aral teñizi; Usbeekesch Orol dengizi; Russesch Аральское море Aralskoje more; am Altertum Oxiana) war e grousse Salzséi ouni Offloss an Zentralasien. Duerch eng laang an dauerhaft Dehydratioun ass de Séi ëm d'Joerhonnertwend vum 20. an d'21. Joerhonnert an e puer méi kleng Deeler zerfall.

Aralséi
Land Kasachstan,
Usbekistan
Verwaltungseenheet Kasachstan
Länner um Uwänner Kasachstan, Usbekistan, Afghanistan, Turkmenistan, Tadjikistan
Fläch 8.303 km²
Héicht. i. M. 31 m
Koordinaten 45°0'0"N, 60°0'0"O

D'Iwwerreschter bilden zënterhier den Nërdlechen Aralséi, de Westlechen Aralséi, de Barsakelmes-Séi deen tëschent deenen zwéi läit, grad ewéi d'Aralkum-Wüst. Se gehéieren zu Kasachstan, Usbekistan an deels zu béide Staaten. Den Aibugirséi, dee méi südlech an Turkmenistan läit an deen ursprénglech och mam Aralséi verbonne war, ass scho méi fréi ofgetrennt ginn.

D'Dehydratioun vum Séi, déi zënter ongeféier 1960 zougeholl huet, stellt weltwäit eng vun de gréissten Ëmweltkatastrophen duer, déi vum Mënsch verursaacht goufen. Mat enger Fläch vun uganks ronn 68.000 Quadratkilometer war den Aralséi bis Ufank vun den 1960er Joren de véiertgréisste Banneséi vun der Äerd.

Um Spaweck

änneren
Commons: Aralséi – Biller, Videoen oder Audiodateien