Äerdobservatioun
Ënner Äerdobservatioun versteet een an der Loft- a Raumfaart d'Observatioun vun der Äerduewerfläch an/oder der Äerdatmosphär aus grousser Héicht. D'Observatioun geschitt dobäi och mat technesche Methoden wéi z. B. mat: Radar- oder Infraroutinstrumenter.
D'Observatioun déngt der Fërderung vun Donnéeë respektiv fir d'Geodäsie, der Meteorologie, der Wiederprevisioun, an der Klimafuerschung fir d'Iwwerwaachung vun der Mier- a Loftverschmotzung, zu der Katastrophepreventioun, awer och fir d'Raum- a Landschaftsplanung duerch d'Observatioun vu Flächennotzung, Stroosseverkéier a Kaméidikartéierung. Och Spionagesatellitte sinn Instrumenter fir d'Äerdobservatioun.
En éischten Usaz fir d'technesch Ëmsetzung war d'Äerdobservatiounsrakéit, patentéiert 1903 vum Alfred Maul. Haut ginn awer bal all nëmmen Äerdobservatiounssatellitten agesat an am Beräich vun der Atmosphärefuerschung och Fligeren. E Programm fir d'global Kooperatioun bei der Äerdobservatioun ass d'Global Earth Observing System of Systems, dat 2005 zu Bréissel vu ronn 40 Staate beschloss gouf.