Alfred Maul (Ingenieur)

Den Alfred Maul, gebuer 1864 a gestuerwen 1941 war en däitschen Ingenieur, deen als ee vun de Pappe vun der Loftopklärung gëllt. De Maul, deeen eng Maschinnefabréck hat, huet schonn ëm 1900 mat klenge Schwaarzpolverrakéiten experimentéiert.

Virgeschicht änneren

Obwuel schonn eng gewëssen Zäit mat Rakéiten experimentéiert gi war, gouf sech kaum mat dem praktesche Gebrauch vun där Technologie beschäftegt. Et war dann den Alfred Maul, en Industriellen an Ingenieur aus Sachsen, deen d'Iddi verfollegt huet, Fotokameraen u Rakéite festzemaachen, fir op déi Aart a Weis Fotoen aus der Loft maachen ze kënnen. Dobäi gouf hien eventuell vum Ludwig Rahrmann inspiréiert, dee sech 1891 e System patentéiere gelooss hat, mat deem et méiglech sollt sinn, eng fotografesch Apparatur mat enger grousskalibreger Kanoun oder enger Rakéit an de Loftraum ze transportéieren.

Entwécklung vun der Fotorakéit änneren

 
D'Rakéit vum Maul

1903 huet den Alfred Maul seng Fotorakéit als Patent ugemellt. Sou huet se funktionéiert: D'Kamera gouf vun enger mat Schwaarzpolver ugedriwwener Rakéit an d'Loft transportéiert. E puer Sekonnen nom Start - zum Zäitpunkt wou d'Rakéit eng Héicht vun ongeféier 600–800 m erreecht hat – gouf d'Rakéitespëtzt ofgesprengt an déi un engem Fallschierm ugestréckt Kamera gouf fräigelooss. D'Foto gouf dann duerch en Timer ausgeléist.

Am Joer 1904 ass et dem Maul gelongen, eng Landschaftsfoto aus enger Héicht vu ronn 600 Meter ze maachen.

Vun Ufank un war déi militäresch Benotzung vun der neier Fototechnik am Bléckfeld. Sou war den 22. August 1906 eng geheim Demonstratioun vun der Fotorakéit viru Militärobservateuren um Schéissstand Glauschnitz.

Den Alfred Maul huet seng Fotorakéit stänneg weiderentwéckelt, fir de Gebrauch vun der Rakéit fir militäresch Opklärungszwecker z'erméiglechen. Sou huet hien 1907 domat ugefaangen, gyroskopesch stabiliséiert Rollfilm-Kameraen u senge Rakéite festzemaachen.

1912 hat hie seng Technik sou wäit verbessert, datt säi Modell eng Kamera mat enger 20 × 25 cm grousser Fotoplack an enger Gyroskop-Steierung hat, fir de Fluch ze stabiliséieren a méi schaarf Biller ze maachen. (De selwechte Prinzip vu Gyroskopsteierung gouf et spéider och an der V2 an an anere Rakéitekonstruktiounen.) Dem Maul seng Rakéit hat eng Notzlascht vun 41 kg, déi op eng Héicht vu ronn 800 Meter bruecht gouf, fir aus där Héicht Fotoe vun der Ëmgéigend ze maachen.

Fliger setzt sech duerch änneren

Dem Alfred Maul seng Rakéiten haten awer keng onmëttelbar militäresch Bedeitung, well sech am Beräich vun der Loftopklärung wärend dem Éischte Weltkrich konventionell Fliger duerchgesat hunn. Eng vum Maul gebaut Rakéit steet haut am Däitsche Museum zu München.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Alfred Maul – Biller, Videoen oder Audiodateien