Tau Ceti
Stärebild: Cetus (Cet)
Daten
Spektralklass: G8 V
Gréisseklass: 3,50 mag.
Liichtkraaft: 0,463 * Sonn
Mass: 0,81 * Sonn
Duerchmiesser: 0,823 * Sonn
Radialvitess: -17 km/sek
Bayer-Buschtaf: tau Cet
Flamsteed-Nummer: 52 Cet
Bright Star Catalogue: HR 509
Henry-Draper-Katalog: HD 10700
SAO-Katalog: SAO 147986
Hipparcos-Katalog: Hip 8102

Den Tau Ceti ass zesumme mam Epsilon Eridani deen eis am nooste sonnenänlechen Eenzel-Stär. Am Ganze sinn 18 Stären am Moment bekannt, déi méi no wéi den Tau Ceti sinn. De Stär läit op enger Distanz vun 11,9 Liichtjoer.

1960 gouf den Tau Ceti an den Epsilon Eridani am Projet Ozma, engem SETI-Projet, ënner der Leedung vum Prof. Frank Drake e puer Wochen op Funksignaler hin observéiert.

Am Juli 2000 hu brittesch Astronomen ëm den Dr. Jane Greaves eng Scheif aus Stëbs a Koméiten ëm dee bis zu 10 Milliarde Joer ale Stär am Cetus (Walfësch) entdeckt. D'Gréisst vun der Scheif gläicht der Scheif, an där Koméiten an Asteroiden eis Sonn ëmkreesen. Allerdéngs sinn an der Scheif ëm den Tau Ceti 120-mol sou vill Koméiten an Asteroide wéi an eisem Sonnesystem. D'Liewen op engem hypothetesche Planéit vum Tau Ceti hätt et dofir wuel bedeitend méi schwéier, well et wier engem stännege Bombardement vun Asteroiden ausgesat.

Et konnte keng Planéite ronderëm de Stär entdeckt ginn, och d'Hubble-Weltraumteleskop konnt näischt fannen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Tau Ceti – Biller, Videoen oder Audiodateien