Den SAO-Katalog (Smithsonian Astrophysical Observatory Star Catalog) ass e Stärekatalog vum Smithsonian Astrophysical Observatory. Hie gouf ëm 1966 fir d'astrometresch Ausmiessunge vu Fotoplacken a fir d'Satellittegeodesie opgestallt. De Katalog enthält 259.000 Stäre mat der Standard-Equinoxe 1950.0 bis erof op d'visuell Magnitude 9m.

De Katalog gouf aus de beschten deemools bestoende Quellen zesummegestallt (AGK1- an AGK2-Katalogen, FK4, General Catalogue GC, Cape Zone an e puer aner Stärekataloge) an hat um Nordhimmel Genauegkeeten ëm 0,5", am Süden eppes manner.

Dat véierbännegt Wierk gëtt mat engem Saz vun 152 Stärekaarte vergréissert, déi de ganzen Himmel iwwerlappen, an an 20×20°-Deeler duerstellen. Se si genee am Moossstaf vu spezielle Satellittekamerae geplott.

An der neister Editioun ass d'Equinoxe vun de Positiounsdaten J2000.0. Am SAO-Katalog sti schonn zanter der éischter Editioun d'Stärennummeren aus dem HD- a BD-Katalog souwéi Eegebeweegunge vun alle Stären. Dohier kann hien ausser fir Astrometrie a Geodesie och villen aneren Zwecker déngen, ë. a. fir Stellarstatistik bis zeréck an dat 19. Joerhonnert.

D'Nimm am SAO-Stärekatalog fänke mat der Buschtawerei SAO un, an hale mat enger Nummer op. D'Nummere ginn uechtzéng 10°-Bänner zougewisen, woubäi d'Stäre bannent engem Band no Rektaszensioun opgelëscht sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren