D'Flamsteed-Bezeechnunge ginn an der Astronomie parallel zu de Bayer-Bezeechnunge fir d'systematesch Benennung vu Stäre gebraucht. Si goufe vum britteschen Astronom John Flamsteed agefouert.

D'Bezeechnung besteet aus der Flamsteed-Nummer mat dem Geenitiv vum laténgeschen Numm vum Stärebild, wou de Stär läit, z. B. 13 Lyrae oder 23 Ursae Maioris. Genee sou gebräichlech ass d'Ofkierzung vum Stärennumm duerch dräi Buschtawen, z. B. 13 Lyr, 23 UMa. De Flamsteed nummeréiert déi mat bloussem A siichtbar Stären opsteigend no Rektaszensioun; wéinst der Prezessioun ass dës Reiefolleg an der Tëschenzäit awer plazeweis duerchbrach.

Déi Aart vu Bezeechnung daucht fir d'éischt am Flamsteed sengem Buch Historia coelestis Britannica op, dat 1712 vum Edmond Halley an dem Isaac Newton publizéiert gouf, awer ouni d'Zoustëmmung vum Flamsteed. No dem Flamsteed sengem Doud koum 1725 eng vum Halley vergréissert Editioun. D'Flamsteed-Nummere waren am 18. Joerhonnert beléift a ginn och haut nach gebraucht, wou keng Bayer-Bezeechnung fir e Stär existéiert. Well de Flamsteed seng Observatiounen nëmme vu Groussbritannien aus gemaach huet, sinn nëmmen déi Stären a sengem Katalog, déi ee vun do aus gesäit.

Kuckt och änneren