Luesen onreegelméisseg verännerleche Stär

Lues onreegelméisseg verännerlech Stäre si Risen oder Iwwerrise vun mëttlerem bis spéidem Spektraltyp a weisen an Ofgrenzung zu hallefreegelméisseg verännerleche Stäre keng oder nëmme kleng Unzeeche vu periodeschem Liichtwiessel.

Definitioun änneren

Dës Stäreklass ass als verännerlech Stären definéiert, an deenen hirem Liichtwiessel keng bis héchstens kleng Unzeeche vun enger Periodizitéit observéiert ginn. D'Stäre sinn dacks nëmme virleefeg an där Grupp klasséiert, well d'Observatiounsmaterial nëmmen e kuerzen Zäitraum iwwerdeckt an/oder nëmme verhältnesméisseg wéineg Observatione gemaach goufen an sech dofir d'Date grouss gestreet sinn. Bei laangfristegen Ënnersich vum Liichtwiessel géifen d'Stären dofir méiglecherweis bei déi hallefreegelméisseg verännerlech Stäre geprafft ginn.

Nieft de Liichtbéi ënnerscheede sech déi béid Klasse vu verännerleche Stären och net systemesch an aneren Eegenschaften.

Ënnergruppen änneren

Et gëtt zwou Ënnergruppe vun den onreegelméisseg verännerleche Stären:

  • Lb: Lues onreegelméisseg Stäre vu spéidem Spektraltyp (K, M, C, S), woubäi et sech meeschtens ëm rout Risen handelt. Dës Ënnergrupp gëtt am General Catalogue of Variable Stars och rout verännerlech Stären zougeschriwwen, deenen hire Spektraltyp a Liichtwiessel net bekannt ass.
  • Lc: Onreegelméissege Liichtwiessel spéider Iwwerrise mat enger Amplitud vun iwwer 1 magFaarfindex V. Als Ursaach vum onreegelméissege Liichtwiessel gi grouss Konvektiounszellen ugeholl. Déi Hypothees gëtt vun d'Observatiounen ënnestëtzt, bei deenen d'Liichtbéi vun deene Stären nieft dem onreegelméissege Liichtwiessel dacks och zyklesch eng kleng Amplitud weisen.

Beispiller änneren