Sébastian Thiltges

lëtzebuergesche Literatur- a Kulturwëssenschaftler

De Sébastian Thiltges, gebuer 1984 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Literatur- a Kulturwëssenschaftler.

Sébastian Thiltges
Gebuer 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch

Studium änneren

Nom Premièresexamen am Lycée Classique de Diekirch huet hie Lettres modernes zu Stroossbuerg studéiert. Vum Master un huet hie sech an der Komparatistik, mat enger Masteraarbecht iwwer den Thomas Mann a Gustave Flaubert spezialiséiert, an duerno mat enger Thees zum Theema "Paysages silencieux dans le roman réaliste (1850-1900)"[1], ënner der Leedung vum Guy Ducrey (Universitéit vu Stroossbuerg) a Frank Wilhelm (Universitéit Lëtzebuerg).

Fuerschung änneren

No senger Thees huet hien an Däitschland op der Universität des Saarlandes, a Frankräich op der Université du Mans an op der Université de Lorraine souwéi op der Universitéit zu Lëtzebuerg gefuerscht an ënnerriicht. Seng Fuerschungsschwéierpunkte sinn d'Komparatistik, d'Luxemburgistik, d'Literaturdidaktik, d'Kanner- a Jugendliteratur, an d'Relatiounen tëschent Kultur an Ëmwelt.

Aner Aktivitéiten änneren

De Sébastian Thiltges ass Member vu verschiddene literaresche Commissiounen, ënner anerem vum Jury vum Batty-Weber-Präis (2020 an 2023) a vum Prix de la fondation Servais (Member zanter 2014 a President vum Jury vun 2023 un). Hien ass och President vun der Société luxembourgeoise de littérature générale et comparée.

Hien huet Iwwersetzunge publizéiert, wéi z. B. eng literaresch Iwwersetzung vum Kannerbuch Los Carpinchos vum Alfredo Soderguit an zesumme mam Julien Jeusette huet hien dem David Damrosch seng Etude What is World Literature? iwwersat.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

Dissertatioun änneren

Sébastian Thiltges, Paysages silencieux dans le roman réaliste (1850-1900), ënner der Leedung vum Guy Ducrey a Frank Wilhelm, Université de Strasbourg an Université du Luxembourg, 2013, 625 S.

Bäiträg an der Luxemburgistik (Auswiel) änneren

  • « Vertiges adolescents : La violence comme mode d’existence dans Amok de Tullio Forgiarini et ses adaptations » (zesumme mam Tonia Raus), Cultural Express, n°10, 2023, online : https://cultx-revue.com/article/vertiges-adolescents-la-violence-comme-mode-dexistence-dans-amok-de-tullio-forgiarini-et-ses-adaptations. Iwwer den Tullio Forgiarini, de Luc Spada an den Donato Rotunno.
  • « Le jardin et la littérature comme zones à défendre. Écriture hétérotopique du jardin dans deux exemples luxembourgeois », Vu Gäert a Bicher, erausgi vum Claude D. Conter a Kim Krier, Lëtzebuerg, Bibliothèque nationale du Luxembourg, 2023, S. 271-281. Iwwer d'Ry Boissaux an de Guy Rewenig.
  • « Les centrales nucléaires dans la littérature du Luxembourg », Les Cahiers luxembourgeois, 2022, N. 1, S. 89-98.
  • « La représentation interculturelle du désastre nucléaire entre appropriation et écart : deux exemples luxembourgeois », RELIEF – Revue électronique de littérature française, Vol. 16, N. 1, 2022, S. 210-226. doi.org/10.51777/relief12382. Iwwer d'Hélène Tyrtoff an de Pierre Decock.
  • « Lëtzebuerger Literatur a Schoul a Gesellschaft : literaturdidaktesch Erausfuerderungen a Méiglechkeeten », Fundstücke/Trouvailles (2018/2019), Lëtzebuerg a Miersch, Centre national de littérature, 2020, S. 197-217.
  • « Frontières liquides : l’eau dans les romans de la terre au Luxembourg », Écologie culturelle et cultures écologiques dans la Grande Région, erausgi vum Sébastian Thiltges a Christiane Solte-Gresser, International, Peter Lang, 2020, S. 213-233.
  • « Trans-corporeality und material memoirs : vergleichende Lektüre zweier Krebsblogs », Figurationen von Krankheiten : Chancen und Grenzen einer Ästhetisierung, erausgi vum Amélie Bendheim a Jennifer Pavlik, Heidelberg, Universitätsverlag Winter, 2019, S. 89-110. Iwwer de Georges Hausemer an d'Elodie Malanda.
  • « Animal autobiographique et poétique de l’évolution. Lecture zoopoétique de l’œuvre de Jean Portante », Jean Portante. Le Travail de l’écriture ou la Mémoire à l’œuvre, erausgi vum Jeanne E. Glesener an Tonia Raus, Lëtzebuerg/Miersch, Centre national de littérature, 2019, S. 104-123.
  • « Nature et modernité : réflexions théoriques suivies d’une lecture écologique de Fenn Kaß », Modernismes, erausgi vum Ian de Toffoli an Anne-Marie Millim, Lëtzebuerg/Miersch, Centre national de littérature, 2019, S. 152-171. Iwwer de Batty Weber.
  • « L’écopoésie d’Anise Koltz », Anise Koltz l’inapaisée. La poésie entre les langues, erausgi vum Yves-Michel Ergal a Michèle Finck, Paräis, L’Harmattan, 2019, S. 183-200.
  • « L’écologie dans la littérature de jeunesse au Luxembourg : pour une écocritique comparée intralittéraire », Lëtzebuerger Literaturen am Verglach, erausgi vum Jeanne E. Glesener, Les Cahiers luxembourgeois, N. 2, 2018, S. 79-99. Iwwer d'Viviane Daman, d'Alice Gruber an d'Mireille Cukier-Jakubowicz.
  • « Du polar régional à l’écopolar : nature et environnement dans quatre récits policiers luxembourgeois », Fundstücke/Trouvailles, 2/2016, Lëtzebuerg/Miersch, Centre national de littérature, S. 186-201. Iwwer de Josy Braun, d'Viviane Daman, de Jhemp Hoscheit an de Marco Schank.
  • « Margret Steckel, Servais. Roman einer Familie (2010) », Übergänge, Brüche, Annäherungen. Beiträge zur Geschichte der Literatur im Saarland, in Lothringen, im Elsass, in Luxemburg und Belgien, erausgi vum Hermann Gätje a Sikander Singh, Saarbréclen, Universaar Verlag, 2015, S. 513-528.

Sammelwierker änneren

Iwwersetzungen änneren

Um Spaweck (Auswiel) änneren

Referenzen änneren

  1. Paysages silencieux dans le roman réaliste (1850-1900)