Nationalmusée um Fëschmaart

Musée an der Stad Lëtzebuerg, dee vum Kulturinstitut Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA) bedriwwe gëtt

Den Nationalmusée um Fëschmaart, fréier dacks vereinfacht Staatsmusée genannt, ass e Musée an der Stad Lëtzebuerg um Fëschmaart, dee vum Staatleche Kulturinstitut Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA) bedriwwe gëtt. De Musée krut säin aktuellen Numm mam Gesetz vum 16. Dezember 2022, virdrun housch e Musée national d'histoire et d'art[1].

Nationalmusée um Fëschmaart
Land Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht
Gegrënnt 16. Dezember 2022
Um Spaweck https://www.nationalmusee.lu/fr/

Geschicht änneren

Zanter 1939 ass de Musée um Fëschmaart am fréieren Haus Colart-De Scherff. An den 1970er Jore goufen d'Haiser vis-à-vis an der Wiltheimstrooss mat abezunn, fir dora konschthandwierklech an Alldagsgéigestänn aus de vergaangene Joerhonnerten auszestellen.

1997 huet de Fonds de la rénovation de la vieille ville en Architekteconcours ausgeschriwwen, fir de Musée ze moderniséieren an ze vergréisseren. De Gewënner, de Christian Bauer, konnt säi Projet realiséieren, deen et erméiglecht huet, d'Ausstellungsfläch ze verduebelen, ouni datt dat op d'Käschte vun den Nopeschhaiser goung. Hien huet de Fiels ënner dem Fëschmaart aushielege gelooss, fir do op 5 Stäck ënner dem Buedem Säll anzeriichten. Virun d'Säitefassad vum Haaptgebai gouf eng nei Fassad gebaut, déi, streng rechteckeg an ouni Fënsteren (bis op d'Entrée), e modernen Accent setzt.

D'Konzept vum Musée ass et z'erméiglechen, d'Chronologie vu Geschicht a Konscht vun ënnen no uewen nozevollzéien. Sou sinn Ur- a Fréigeschicht am ënneschte Keller, um -5 (de fräigeluechte Sandstee bitt heifir e giedleche Kader), an d'geet dann erop bis op de 4. Stack, wou d'modern Molerei ënnerbruecht ass.

De Musée ass a senger neier Form den 22. Juni 2002 (iwwer dem Buedem) an den 29. November 2002 (ënner dem Buedem) ageweit ginn.

Direkter ass zanter 2006 de Geschichtsprofesser an Archeolog Michel Polfer.

Sektiounen änneren

Déi eenzel Sektioune vum Musée kënnen iwwer sougenannt Parcourse besicht ginn:

Archeologie: vun der Steenzäit bis zu den Ufäng vum Mëttelalter änneren

Op dësem Tour gesäit ee Saachen, déi zënter dem 17. Joerhonnert zu Lëtzebuerg fonnt goufen. D'Ausstellung vun archeologesche Patrimoine ass souwuel chronologesch wéi och thematesch agedeelt, a geet iwwer déi fënnef Stäck, vun der Virgeschicht, iwwer d'Bronze- an d'Eisenzäit, grad wéi galloréimesch Zäit bis zu den Ufäng vum Mëttelalter.

Mënzen a Medailen änneren

Um Parcours gesäit ee Goldmënzen, Dekoratiounen, déi éischt lëtzebuergesch Geldschäiner an antik Edelsteng.

Konschthandwierk a Vollekskonscht: vum Mansfeld bis bei den Design (1500-2014) änneren

De Parcours ass gréisstendeels am Wiltheim-Fligel a weist al Wunnhaiser an erméiglecht e Bléck op d'Wunnkultur ugewant Konscht zu Lëtzebuerg, vun der Renaissance bis an d'21. Joerhonnert.

Beaux-Arts änneren

Um 3. a 4. Stack vum Haaptgebai sinn d'national Konschtkollektioune vum 13. bis d'21. Joerhonnert: Al Meeschteren, modern an zäitgenëssesch Konscht a Konscht zu Lëtzebuerg. Den Tour weist dann nach am Wiltheim-Fligel d'Fotoe vum Edward Steichen an e Panorama vun der Konscht zu Lëtzebuerg.

Luxembourg for Kids: e Familljeparcours änneren

De Parcours “Luxembourg for Kids” ass fir Kanner vu sechs Joer un, déi de Musée zesumme mat hirer Famill entdecke wëllen. Den Tour geet iwwer zwielef Statiounen duerch d'Sammlunge vum Musée an et gëtt ënnerwee verschiddenen Aktivitéiten ze maachen. D'Zil vum Rondgang ass et, de Kanner op eng spilleresch Aart a Weis en Abléck an d'Lëtzebuerger Geschicht ze ginn an hinne spannend Detailer aus der Kultur an dem Alldag vu verschiddenen Zäiten z'erklären.

Direkteren änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalmusée um Fëschmaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. data.legilux.public.lu (16.12.2022). Gekuckt de(n) 20.12.2022.