Centre national de littérature

Archiv a Bibliothéik iwwert d'Lëtzebuerger Literatur

De Lëtzebuerger Literaturarchiv[1] (deels och Nationale Literaturzentrum), offiziell Centre national de littérature (CNL), ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet, an deem seng Missioun et ass, Literatur vu Lëtzebuerg ze konservéieren, z'erfuerschen an zougänglech ze maachen (ë. a. och duerch Ausstellungen, Konferenzen, Atelieren, asw.). En ass am Servais-Haus, dem Gebuertshaus vum Emmanuel Servais, zu Miersch installéiert.

Centre national de littérature
Lëtzebuerger Literaturarchiv
CNL
Land Lëtzebuerg
Secteur Kultur
Leedung Nathalie Jacoby
Ënnersteet der/dem Ministère de la Culture
Gegrënnt 1995
Um Spaweck http://www.cnl.public.lu/
D'Servais-Haus vum Park aus gesinn,

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Servais-Haus (Miersch).

Aufgaben a Beschreiwung änneren

De Literaturarchiv sammelt alles, wat mat der literarescher Kreatioun zu Lëtzebuerg no 1815 ze dinn huet: Manuskripter, Drocksaachen, Biller a soss Dokumenter, déi domat zesummenhänken. Dorënner sinn ongeféier 40.000 Bicher, déi op der Plaz gelies, awer net ausgeléint kënne ginn.

D'Grondlag vum Literaturarchiv ass 1986 am Nationalarchiv geluecht ginn. 1995 konnt en am Servais-Haus seng Dieren opmaachen. E schafft mat anere Bibliothéiken an Archiven, wéi den Archives et musée de la littérature zu Bréissel, oder dem Deutsche Literaturarchiv zu Marbach zesummen.

Den CNL organiséiert reegelméisseg Virliesungen, Virträg, Filmprojektiounen an Ausstellungen, a gëtt Publikatiounen eraus.

Eng Annex, d'Haus Becker-Eiffes, mat zousätzleche Büroen an 2 Studioe fir Auteuren en résidence empfänken ze kënnen, gouf uganks 2009 ageweit. Doran ass och e grousse moderne Magazin fir d'Archiver[2].

Direkteren änneren

Publikatiounen änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
 
Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 15
 
Luxemburger Autorenlexikon

D'Serie Lëtzebuerger Bibliothéik änneren

Lëtzebuerger Bibliothéik (fr. Nouvelle bibliothèque du Luxembourg) ass eng Serie, an där eeler, literaresch Wierker vu bekannte lëtzebuergeschen Auteuren aus dem 19. an dem 20. Joerhonnert nei erausginn a wëssenschaftlech kommentéiert ginn, mam Zil, datt déi Texter fir de Lieser nees um Bichermaart ze fanne sinn.

D'Serie Collection Essais änneren

An dëser Serie gi Wierker gemeinsam vum nationale Literaturzentrum an den Éditions Phi erausbruecht.

  • Gast Mannes & Roger Muller, 2009. Heinrich Stammer und der Bund Polyhymnia: ein Pestalozzianer als Pädagoge, Schulbuchautor und Initiator der Luxemburger Literatur- und Sprachgeschichte des 19. Jahrhunderts. Differdange: Phi; Mersch: Centre national de littérature. 321 S.

Ausstellungskatalogen änneren

Zanter senger Erëffnung am Joer 1995 bréngt den nationale Literaturzentrum zu all Ausstellung e Katalog eraus. Rezent Beispiller sinn:

  • Germaine Goetzinger, Roger Muller, Nicole Sahl & Josiane Weber, 2009. Dicks: 1823 - 1891, Edmond de la Fontaine - Ech sinn e groussen Hexemeeschter. Ausstellung und Katalog. Mersch: Centre national de littérature. 279 S.
  • Heumann, Hugo, 2007. Erlebtes-Erlittenes: von Mönchengladbach über Luxemburg nach Theresienstadt: Tagebuch eines deutsch-jüdischen Emigranten. Hrsg.: Germaine Goetzinger & Marc Schoentgen. Mersch: Centre national de littérature. 120 S.

Audiovisuell Dokumenter änneren

Den Literaturarchiv bréngt reegelméisseg Audioproduktiounen eraus, dacks als Complement zu engem Ausstellungskatalog.

  • Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst. CD. Germaine Goetzinger, Gast Mannes, Roger Müller.
  • Dies irae - e lëtzebuerger hörspill. CD. Michel Grevis: Text - Michel Zeches: Musek. Marco Lorenzini: Stëmm - Vania Lecuit: Gei - Danielle Hennicot: Braatsch - Catherine Lebrun: Cello - Maurice Clement: Uergel - Guy Frisch: Perkussioun.
  • Antoine Meyer: E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus / Jong vum Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus. 2004. CD. Spriecher: Steve Karier. Toun: Philippe Mergen. Studio: CNA Diddeléng.
  • Dicks: Ech sin e groussen Hexemeechter. 2009. CD. Spriecher: Steve Karier. Toun: Yves Melchior. Studio: CNA Diddeléng.

Lafend Bibliographie vun der Lëtzebuerger Literatur änneren

D'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise ass e Relevé vun der literarescher Produktioun zu Lëtzebuerg, deen zanter 1989 all Joer erauskënnt. D'Editiounen 2001 bis 2008 stinn als PDF-Dokumenter um Internetsite vum CNL zur Dispositioun [1].

  • Daphné Boehles, 2009. Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise 2008: (21e année) et compléments des années précédentes. Mersch: Centre national de littérature. 479 p.

Inventairen änneren

De Lëtzebuerger Literaturarchiv bréngt reegelméisseg Inventairen eraus.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Centre national de littérature – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. den CNL nennt sech selwer esou
  2. http://www.gouvernement.lu/salle_presse/actualite/2008/10-octobre/07-modert/communique.pdf