Luc Spada

lëtzebuergesche Schrëftsteller a Sänger

De Luc Spada, gebuer de 24. Mee 1985 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Sänger. Hie lieft a schafft zu Lëtzebuerg a Berlin.

Luc Spada
Gebuer 24. Mee 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller

Bis 2015 war hien och als Schauspiller täteg.

Liewen änneren

De Luc Spada huet op der Theaterakademie August Everding a Ludwig-Maximilans-Universität zu München studéiert.

2010 gouf hie mat enger Residenz vun der Landesvertretung Nordrhein-Westfalen zu Berlin ausgezeechent.

Tëscht 2016 an 2019 huet hie fir de Lëtzebuerger Journal eemol d'Woch d'Kolumne "Vollrausch und Erholung" geschriwwen. Donieft huet hien och fir de Feierkrop geschriwwen.

2019 huet hie säin éischten Album erausbruecht, den däitschsproochegen Ciao Luca, dee mat Ënnerstëtzung vun der Oeuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte entstanen ass. Den Albumrelease war de 27. November 2021 am Opderschmelz zu Diddeleng an den 3. Dezember zu Berlin. Den éischten Extrait war Madness Is Your Candle. Weider Singleauskopplunge ware Frei Tag, Forever Fan an Ciao Luca.

De Luca Spada huet dem Tullio Forgiarini säi lëtzebuergesche Roman Amok op Däitsch iwwersat. Déi däitsch Fassung koum am September 2020 ënnert dem Numm "Leben. Nehmen." op de Maart.[1]

Filmographie änneren

Discographie änneren

  • 2021: Ciao Luca (Album)

Wierker änneren

  • so sehr du mich auch willst, du wirst mich immer mehr wollen, op der lay 2010

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  1. land.lu: Crashkurs vum Claire Schmartz (6. November 2020)