Immatrikulatioun (Gefier)

Umelle vun engem Gefier, fir datt et op der ëffentlecher Strooss fueren däerf

D'Immatrikulatioun (och nach Umeldung) ass eng administrativ Demarche fir datt e Gefier op der ëffentlecher Strooss fueren däerf.

Situatioun zu Lëtzebuerg[1] änneren

 
Lëtzebuergeschen Umeldungszertifikat (groen Deel I)

All Stroossegefier ((fr) véhicule routier) dat enger Persoun gehéiert déi zu Lëtzebuerg wunnt oder do hire Sëtz huet, däerf just op der ëffentlecher Strooss fueren, wann et administrativ ugemellt ass an e gëltegen Umeldungszertifikat ((fr) Certificat d'immatriculation fréier: Gro Kaart) huet.

Deejéinegen, deen d'Gefier umelle wëllt, muss eng schrëftlech Demande maachen a verschidden Dokumenter derbäileeën. Op der Basis vun engem gëltegen europäeschen oder nationale Konformitéitszertifikat ((fr) Certificat de conformité) vum Gefier, an nodeems déi entspriechend Tax bezuelt gouf, stellt d'SNCA den Zertifikat där Persoun, déi als Titulaire vum Umeldungszertifikat definéiert ass, aus.

E Gefier gëllt als ugemellt (immatrikuléiert), wann et en Nummereschëld an en Umeldungszertifikat huet. Am Artikel 2, Punkt 4.3 b) vum Code de la route steet[2]:

Immatriculation d'un véhicule routier : l'autorisation administrative accordée suite à une demande d'inscription sur un certificat d'immatriculation en vue de la mise en circulation d'un véhicule, comportant

1. l'attribution au titulaire du certificat d'immatriculation d'un numéro d'immatriculation,

2. la délivrance pour ce véhicule d'un certificat d'immatriculation ainsi que pour les véhicules routiers non soumis au contrôle technique périodique, d'une vignette de conformité.

Den Umeldungszertifikat besteet aus dem groen Deel I an dem gielen Deel II. Op béiden Deeler stinn op d'mannst follgend Informatiounen:

Umeldungszertifikat
Rubrik Definitioun Deel I Deel II
A Plackennummer    
B Datum wéini d'Gefier fir d'éischt a Betrib geholl gouf    
C.1.1 Numm oder Bezeechnung vum Titulaire vum Umeldungszertifikat  
C.1.2 Virnumm …  
C.1.3 Adress …  
Donnéeë vum Gefier
D.1 Mark    
D.3 Kommerziell Bezeechnung    
E Identifikatiounsnummer (VIN)    
F.2 Héchstgewiicht dat erlaabt ass    
G Gewiicht vum eidele Gefier    
I Datum vun der aktueller Immatrikulatioun    
J Kategorie    
L Zuel vun den Achsen    
P.3 Dreifstoffzort oder Energiequell    
Q

r|Leeschtungsgewiicht (kW / kg) [nëmme fir Motoen]

   
S.1 Zuel vun de Sëtzplazen (mam Chauffer)    
Z.1 Form vun der Karosserie    

Jee nodeems, kënnen nach ë. a. follgend Informatiounen op engem oder den zwéin Deeler vum Zertifikat drop stoen: Donnéeë vum Proprietär oder Detenteur vum Gefier, maximal erlaabt Gewiicht pro Achs, Hubraum (cm³), Leeschtung (kW), CO2-Ausstouss (g/km), asw.

Ausnamen änneren

Follgend Stroossegefierer brauche keen Umeldungszertifikat:

  • Vëloen
  • Vëloe mat Assistenzsystem
  • elektresch Vëloen
  • Gefierer déi vun engem Vëlo gezu ginn[3]
  • motoriséiert Gefierer déi vun engem oder méi Foussgänger geféiert ginn
  • motoriséiert Gefierer déi vun der Bauaart hier mat héchstens 6 km/h fueren
  • motoriséiert Rullstill déi mat héchstens 6 km/h fueren
  • Trakteren a mobil Maschinnen, déi mat op d'mannst 6 km/h a mat héchstens 25 km/h fueren an déi eidel héchstens 600 kg schwéier sinn
  • Gefierer déi gezu ginn[3] an net fir de Persounentransport zougelooss sinn
  • Militärgefierer a Gefierer vun der Arméi.

Verschidde vun de genannte Gefierer kréien eng Konformitéitsvignette ((fr) Vignette de conformité) fir op der ëffentlecher Strooss däerfen ze fueren.

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Règlement grand-ducal du 26 janvier 2016 relatif à la réception et l'immatriculation des véhicules routiers tel qu'il a été modifié. data.legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 26.01.2016.
  2. (fr)Règlement grand-ducal du 21 septembre 2023 modifiant : 1° l'arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (…). /legilux.public.lu (21.09.2023). Gekuckt de(n) 28.10.2023.
  3. 3,0 3,1 et handelt sech ëm « véhicules routiers traînés » wéi se am Code de la route definéiert sinn, net ëm Unhänger