E Rollstull (och alt Rullstull oder Rullweenchen) ass en Hëllefsmëttel fir Leit, déi net oder nëmme schlecht goe kënnen an hinnen et erméiglecht, sech fortzebeweegen.

Vum Prinzip hir ass et eng Fotell, déi op Rieder (gewéinlech 4) montéiert ass, an déi entweeder duerch déi betraffe Persoun selwer, sief et duerch Muskelkraaft an den Äerm, sief et duerch d'Steiere vun engem Motor; oder awer duerch eng zweet Persoun, déi de Rollstull dréckt, virubeweegt gëtt.

Geschicht änneren

De Kinnek Philipp II. vu Spuenien hat 1595 e Rollenstull mat enger Fouss- an enger Réckstäip, déi verstallt konnt ginn. De geläämten Aueremécher Stephan Farfler huet 1655 deen éischte Rollstull gebaut, deen ee selwer undreiwe kann. 1869 gouf an den USA dat éischt Patent fir e Rollstull enregistéiert.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Rollstill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. disABILITY and the Medical Establishment Timeline.(archivéiert)