Stroossegefier

Gefier dat geduecht ass fir um Buedem an haaptsächlech op der Strooss ze fueren

E Stroossegefier ass e Gefier dat geduecht ass fir um Buedem an haaptsächlech op der Strooss ze fueren. Charakteristesch fir all Stroossegefier ass, datt et seng Fuerrichtung, duerch d'Haftreiwung behalen oder ännere kann, ouni datt et op Gleiser fiert.

Historesch Stroossegefierer

Legal Definitioun änneren

Legal Definitioune fir Stroossegefierer setzen de legale Kader, fir datt se op der ëffentlecher Strooss fuere kënnen.

Lëtzebuerg änneren

E Stroossegefier ass am Artikel 2, Rubrik 2.2 Punkt a) vum lëtzebuergesche Code de la route esou definéiert[1]: „E Gefier dat normalerweis op der ëffentlecher Strooss benotzt gëtt fir Leit oder Saachen ze transportéieren oder d'Zéie vu Gefierer déi gebraucht gi fir Leit oder Saachen ze transportéieren; Maschinnen a speziell Gefierer sinn de Stroossegefier gläichgestallt“.

Den Originaltext seet dat heiten:

Véhicule routier: véhicule qui sert normalement sur la voie publique au transport de personnes ou de choses ou la traction de véhicules utilisés pour le transport de personnes ou de choses; les machines et les véhicules à usage spécial sont assimilés aux véhicules routiers.

Zu de Stroossegefierer zielen z. B. dës Kategorien[2]:

mat ë.a. folgenden Ënnerkategorien[3]:

Den Tram gehéiert net zu de Stroossegefierer[4].

Um Spaweck änneren

Commons: Stroossegefier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques. Chapitre II .- Définitions | Art. 2. legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 28.10.2023.
  2. ibidem, Punkten 2.4., 2.5., 2.9., 2.10., 2.14., 2.15., 2.16., 2.18., 2.20., 2.21., 2.22., 2.26.
  3. ibidem, Punkten 2.6., 2.8., 2.17., 2.24., 2.25., 2.27., 2.28., 2.29., 2.30., 2.32.
  4. ibidem, Punkt 2.35