Nummereschëld (Lëtzebuerg)

Nummereschëlter fir Gefierer déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn

D'Nummereschëlter fir motoriséiert Stroossegefierer an hir Remorquen déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, si prinzipiell giel mat schwaarzen Zifferen an / oder Buschtawen. Um lénkse Bord ass gemenkerhand de bloe Logo vun der EU mat de giele Stären an de Lännercode „L“ a wäisser Faarf.

Modell vun engem lëtzebuergeschen Nummereschëld

D'Plackennummer déi bei der Immatrikulatioun zougedeelt gëtt, ass entweeder aus der lafender Serie oder et ass eng personaliséiert Nummer; se ass zanter dem 1. November 2023 ëmmer enger Persoun zougedeelt, egal ob et sech ëm eng personaliséiert Nummer handelt oder net[1].

Zoudeelung vun der Plackennummer[2] änneren

 
Plackennummer aus der lafender Serie:
2 Buschtawen a 4 Zifferen

Fir d'Immatrikulatioun vun engem Gefier gëtt prinzipiell déi éischt fräi Nummer aus der lafender Serie – no engem festgeluechte Schema vun ofwiesselende Buschtawen- an Ziffereserien – geholl. All Plackennummer déi net no deem Prinzip verdeelt gëtt, ass eng personaliséiert Nummer[3].

Lafend a personaliséiert Serië fir d'Plackennummer änneren

D'Plackennummer aus der lafender Serie huet:

  • fir d'Vëlomotoen ((fr) cyclomoteur) an d'liicht Gefierer mat 4 Rieder ((fr) quadricycle léger): véier alphanumeresch Positiounen, dovun zwou Ziffere mat zwéi Buschtawe virdrun
  • fir all anert Gefier: sechs alphanumeresch Positiounen, dovu véier Ziffere mat zwéi Buschtawe virdrun.

An der lafender Serie gi follgend Buschtawekombinatiounen net benotzt:

  • reservéiert Serien: AA, CD, ZZ
  • HJ (Hitlerjugend), KK, KZ (Konzentratiounslager), PD ((fr) pédé, « pédéraste »), SA (Sturmabteilung), SS (Schutzstaffel), WC (Water closet)
  • Kombinatioune mat de Buschtawen <I> oder <O>.

D'Buschtawekombinatioun leeft no follgender Tabell, vun uewen no ënnen a vu lénks no riets:

BA JJ TS XZ NR DH FA RJ YS PZ DR GH QB ZK QS
CA GJ RS YZ PR EH EB QK ZS QZ ER FH PB YK RT
DA FJ QT ZY QR FG DB PK ZT RY FQ EG NB XK ST
EA EK PT YY RQ GG CB NK YT SY GQ DG MB WK TT
FB DK NT XY SQ HG BB MK XT TY HQ CG LB VL UT
GB CK MT WY TQ JG AB LK WT UY JQ BG KC UL VT
HB BK LT VX UQ KG AC KL VU VY KQ AG JC TL WU
JB AK KU UX VQ LF BC JL UU WX LP AF HC SL XU
KB AL JU TX WP MF CC HL TU XX MP BF GC RL YU
LC BL HU SX XP NF DC GL SU YX NP CF FC QM ZU
MC CL GU RX YP PF EC FL RU ZX PP DF ED PM ZV
NC DL FU QW ZP QF FD EM QV ZW QP EF DD NM YV
PC EL EV PW ZN RE GD DM PV YW RN FE BD MM XV
QC FM DV NW YN SE HD CM NV XW SN GE AD LM WV
RD GM CV MW XN TE JD BM MV WW TN HE AE KN VW
SD HM BV LW WN UE KD AM LV VV UN JE BE JN UW
TD JM AV KV VM VE LE AN KW UV VN KE CE HN TW
UD KM AW JV UM WD ME BN JW TV WM LD DE GN SW
VD LN BW HV TM XD NE CN HW SV XM MD EE FN RW
WE MN CW GV SM YD PE DN GW RV YM ND FF EP QX
XE NN DW FV RM ZD QE EN FW QU ZM QD GF DP PX
YE PN EW EU QL ZC RF FP EX PU ZL RC HF CP NX
ZE QN FX DU PL YC SF GP DX NU YL SC JF BP MX
ZF RP GX CU NL XC TF HP CX MU XL TC KF AP LX
YF SP HX BU ML VB UF JP BX LU WL UC LG AQ KY
XF TP JX AU LL UB VF KP AX KT VK VC MG BQ JY
WF UP KX AT JK TB WG LQ AY JT UK WB NG CQ HY
VG VP LY BT HK SB XG MQ BY HT TK XB PG DQ GY
UG WQ MY CT GK RB YG NQ CY GT SK YB QG EQ FY
TG XQ NY DT FK QA ZG PQ DY FT RK ZB RH FR EZ
SG YQ PY ET EJ PA ZH QQ EY ES QJ ZA SH GR DZ
RG ZQ QY FS DJ NA YH RR FZ DS PJ YA TH HR CZ
QH ZR RZ GS CJ MA XH SR GZ CS NJ XA UH JR BZ
PH YR SZ HS BJ LA WH TR HZ BS MJ WA VH KR AZ
NH XR TZ JS AJ KA VJ UR JZ AS LJ VA WJ LS
MH WR UZ KS AH JA UJ VR LZ AR KH UA XJ MS
LH VS VZ LR BH HA TJ WS MZ BR JH TA YJ NS
KJ US WZ MR CH GA SJ XS NZ CR HH RA ZJ PS

D'Zifferen aus der lafender Serie gi follgendermoossen zougeuerdent:

  • d'Zuele vun 01 bis 99 ginn als lafend oder personaliséiert Nummer u Vëlomotoen a liicht Gefierer mat 4 Rieder verginn, no der Sequenz vum Tableau uewendriwwer (also z. B. BA01 – BA99, CA01 – CA99, DA01 – DA99, asw.)
  • d'Nummeren 0001 bis 3999 kënnen als personaliséiert Nummer un all Gefier, ausser u Vëlomotoen a liicht Gefierer mat 4 Rieder vergi ginn
  • d'Nummere 4000 bis 9999 ginn als lafend oder personaliséiert Nummer un all Gefier, ausser u Vëlomotoen a liicht Gefierer mat 4 Rieder verginn, no der Sequenz vum Tableau uewendriwwer (also z. B. BA4000 – BA4999, CA5000 – CA5999, DA6000 – DA6999, asw.)

Speziell Serië fir d'Plackennummer änneren

 
E Gefier mat enger Plack aus der reservéierter Serie fir d'Chamber
 
… a vum diplomatesche Corps.

Verschidde speziell Serië si fir d'Immatrikulatioun vu bestëmmte Kategorië vu Gefierer oder fir bestëmmt Zwecker reservéiert[4]:

Reservéiert Serië vu Plackennummeren
Serie Benotzer / Gefierer Bemierkung Beispill
1 – 19
CD 1 – CD 19
Gefierer vum

Groussherzoglechen Haff

   
20 – 50
CD20 – CD50
Gefierer vum Service protection

vun der Regierung

   
CD1000 – CD9999 Gefierer vum

Diplomatesche Corps[5]

Stréch (-) tëscht den zwou éischten

an zwou leschten Zifferen

   
P1 – P99 Gefierer vun der Chamber    
AA0001 – AA9999 Gefierer vun de Staatsverwaltungen  
ZZ0001 – ZZ9999 Gefierer, déi nëmme geleeëntlech
fueren (z. B. Gefierer vu Forainen)
0001EX – 9999EX Gefierer déi
bannent 3 Méint exportéiert ginn
virun der Nummer steet iwwereneen de Mount an d'Joer wéini d'Plackennummer ofleeft  

Personaliséiert Plackennummer änneren

E personaliséiert Nummereschëld kann entweeder aus der lafender Serie oder aus enger vu follgende Serië sinn[6]:

  • fir all Gefierer, ausser fir Vëlomotoen a liicht Gefierer mat 4 Rieder:
    • Serie mat véier Zifferen, tëscht 1000 an 9999
    • Serie mat fënnef Zifferen, tëscht 10000 an 99999
    • Serie mat enger Buschtawekombinatioun aus der Tabell „Lafend a personaliséiert Serië fir d'Plackennummer“ a véier Zifferen tëscht 1000 an 3999
  • fir Vëlomotoen a liicht Gefierer mat 4 Rieder:
    • Serie mat enger Buschtawekombinatioun aus der Tabell „Lafend a personaliséiert Serië fir d'Plackennummer“ an zwou Zifferen tëscht 01 an 99.

All Persoun kann eng personaliséiert Plackennummer schrëftlech reservéieren. Wann d'Nummer disponibel ass an d'Tax bannent engem festgeluechten Delai bezuelt gouf, bleift d'Nummer fir eng zukünfteg Immatrikulatioun e Joer laang reservéiert.

Sekundäert Nummereschëld änneren

D'Gefierer vum Haff, der Regierung, dem diplomatesche Corps, der Police, der Douane, dem Staatsministère an der Justizverwaltung kënnen – mat enger ministerieller Autorisatioun – e sekundäert Nummereschëld aus der lafender Serie kréien, zousätzlech zum Nummereschëld ënnert deem d'Gefier ugemellt ass[7].

Gefierer vun der Arméi änneren

Gefierer vun der Arméi, déi net als normaalt Gefier immatrikuléiert sinn, mussen, wa se op der ëffentlecher Strooss fueren, mat Identitéitsplacken equipéiert sinn. D'Nummere vun de Placke gi vum Chef vum État-major zougedeelt. D'Plack ass schwaarz mat wäissen Zifferen an d'Lännerkennzeechen oder en anert Zeechen, dat vum Chef vum État-major definéiert gëtt, kann nach drop sinn[8].

Verschidden Typpe vun Nummereschëlter[9] änneren

Standardplack änneren

D'Plackennummer déi net an eng vun de spezielle Kategorië fält, déi hei drënner ernimmt ass, zielt als „Standardplack“ (Kategorie ST) an ass entweeder:

  • numeresch aus véier Zifferen
  • numeresch aus fënnef Zifferen
  • alphanumeresch aus zwee Buschtawen a véier Zifferen.

D'Plack huet eng Gréisst (Breet × Héicht) vu 520 × 110 mm oder 340 × 200 mm.

Speziell Placken änneren

Nieft der Standardplack gëtt et nach siwe speziell Placke fir verschidde Benotzer oder Kategorië vu Gefierer:

Iwwersiicht vun de spezielle Placken
Kategorie Benotzer / Gefierer Gréisst Var. 1 Var. 2 Var. 3 Var. 4 Beispill
CD Gefierer déi zum
Diplomatesche Corps gehéieren
520 x 110 mm
340 x 200 mm
200 x 140 mm
2 Buschtawen
4 Zifferen
2 Buschtawen
4 Zifferen
Dim.: 200 x 140 mm
   
CG Gefierer vum Groussherzoglechen Haff
oder der Regierung
520 x 110 mm 1 Ziffer 2 Zifferen 2 Buschtawen
1 Ziffer
2 Buschtawen
2 Zifferen
   
PP Gefierer vun der Chamber 520 x 110 mm 1 Buschtaf
1 Ziffer
1 Buschtaf
2 Zifferen
   
EX Gefierer déi
bannent 3 Méint exportéiert ginn
520 x 110 mm[10] 4 Zifferen  
MC Motoen 270 x 80 mm
200 x 140 mm
4 Zifferen
2 Buschtawen[10]
5 Zifferen 2 Buschtawen
4 Zifferen
   
CM Vëlomotoen a
Liicht Gefierer mat 4 Rieder

(quadricycle léger)

130 x 90 mm
90 x 130 mm
2 Buschtawen
2 Zifferen
Dim.: 130 x 90 mm
2 Buschtawen
2 Zifferen
Dim.: 90 x 130 mm
   
RG „Rout Placken“: temporär Händlerplacke fir Transfert- an Testfaarten tëscht

enger Garage an der Kontrollstatioun asw.

520 x 110 mm[10] 4 Zifferen
2 Buschtawen[10]
 

Gefierer, déi virum 1. Juli 2003 ugemellt goufen an nach Plackennummere hunn, déi net den aktuelle Virschrëften entspriechen, kënnen déi al Nummer weiderhi behalen, bis se ënnert engem neie Proprietär ugemellt ginn.

Historesch Gefierer[11] kënnen och mat „ale“ schwaarze Schëlter mat wäisser Schrëft ugemellt ginn.

Sécherheetscode um Nummereschëld änneren

 
De Sécherheetscode um Nummereschëld

Bei der Fabrikatioun vun engem Nummereschëld, muss de Fabrikant en aachtstellegen alphanumeresche Sécherheestcode op d'Schëld schreiwen. De Code dee mat engem Laser op enger speziell definéierter Plaz – lénkssäiteg iwwert dem ënneschte Bord vum Schëld – dropgeschriwwe gëtt, kritt de Fabrikant vun der SNCA matgedeelt.

Historesch Entwécklung änneren

Vum 1. Februar 1907 un: änneren

All Gefier, onofhängeg vum Typ, muss zwee Nummereschëlter mat enger lafender Nummer hunn; d'Motoe brauche just ee Schëld vir drop[12].

3. Mee 1916: änneren

Déi temporär „Rout Placke“ fir Fabrikanten an Händler vu Gefierer ginn agefouert[13].

8. Mäerz 1926: änneren

De Layout vun den Nummereschëlter gëtt festgehalen: schwaarzt Schëld mat wäisser Schrëft, mat follgenden Dimensiounen[14]:

Detailer vun den Nummereschëlter
Motoen aner Gefierer
vir hannen vir hannen
Héicht vum Schëld 66,6 mm 80 mm 100 mm 120 mm
Héicht vun der Ziffer 50 mm 66,6 mm 75 mm 100 mm
Breet vun der Ziffer 30 mm 40 mm 45 mm 60 mm
Stréchbreet 8 mm 10 mm 12 mm 15 mm

Op de Schëlter fir d'Motoen ass als Lännerkennzeechen en „L“ fir Lëtzebuerg oder d'Ofkierzung „Lux” drop.

6. Dezember 1955: änneren

De Code de la route deen 1955 agefouert gëtt, confirméiert d'Schëlter, wéi se 1926 definéiert goufen, hält awer zousätzlech fest, datt hannen um Gefier als Lännerkennzeechen e schwaarzen „L“ an engem wäissen Oval muss drop sinn[15].

Et gëtt och schonn e puer speziell Kategorië vu Plackennummeren:

  • Nummer mat engem „A“ virdrun, fir Gefierer vun de Staatsverwaltungen;
  • e speziellt Zeeche virun der Nummer fir Gefierer vun der Arméi.

D'Deputéiert däerfen eng wäiss oval Plack mat engem rouden „P“ op hiert Gefier dru maachen an d'Membere vum Diplomatesche Corps eng wäiss oval Plack mat enger schwaarzer Opschrëft „CD“. D'Farschoule mussen - vir an hannen um Gefier - e wäisse Rondel mat engem roude Bord an dem schwaarze Buschtaf „E“ drop hunn. Am roude Bord steet den Numm an d'Uertschaft vun der Farschoul dran.

1. Mäerz 1972 änneren

 
Viischt réckstralend Schëld vun 1972/73

Mat Ausnam vun de Motorrieder, kann d'Plackennummer vun elo un, virun den Zifferen, eng oder méi laténgesch Majuskelen hunn. Déi bis dohi gebräichlech net-réckstralend schwaarz Schëlter mat der wäisser Schrëft, bleiwe weiderhi bestoen. Fakultativ kënnen awer och réckstralend Schëlter gebraucht ginn. An deem Fall ass dat viischt Schëld wäiss mat schwaarzer Schrëft an dat hënnescht giel mat schwaarzer Schrëft[16][17].

Déi nei Schëlter mat der Reflekter-Funktioun ginn op eng Propos vun der Sécurité routière zeréck, fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren[18].

1. Januar 1974 änneren

All Gefier dat nom 1. Januar 1974 un- oder ëmgemellt gëtt, muss vir an hannen e gielt e réckstralend Schëld mat schwaarzer Opschrëft hunn. Fir d'Gefierer vum diplomatesche Corps gëllt et vum 1. Oktober 1975 un[19].

1. Januar 1988 änneren

 
Eng hënnescht Plack mam Europafändel an drënner d'viischt Plack ouni Fändel

All Gefier dat nei ugemellt gëtt, muss op der lénkser Säit vum hënneschte Schëld (520 × 80 mm) de bloen Europafändel (120 × 80 mm) mat den 12 gëllene Stären drop hunn. Wann net genuch Plaz ass fir dat Schëld festzemaachen, kann den Europafändel ënnert dem méi klengen Nummereschëld (340 × 80 mm) festgemaach ginn[20].

Gefierer, déi bannent 3 Méint exportéiert ginn, kréien eng Exportplack mat enger Nummer tëscht 101 an 999; virdru steet iwwerteneen de Mount an d'Joer wéini d'Plackennummer ofleeft an hannendrun d'Buschtawen „EXP“ iwwerteneen.

1. Januar 1992 – 30. Juni 2003: änneren

D'Plackennummer besteet prinzipiell aus 2 Buschtawen an 3 Zifferen[21], ausser fir:

  • Vëlomotoen, fir déi d'Plackennummer aus 2 Buschtawen an 2 Ziffere besteet
  • personaliséiert Nummereschëlter
  • speziell Gefierer oder Benotzer, déi eng Plackennummer aus der Tabell hei drënner zougedeelt kréien:
Reservéiert Serië vu Plackennummeren
Serie Benotzer / Gefierer Beispill
1 – 19
CD 1 – CD 19
Gefierer vum

Groussherzoglechen Haff

20 – 40
CD20 – CD40
Gefierer vun der Regierung
CD41 – CD999 Gefierer vum Diplomatesche Corps
P1 – P19 Gefierer vun der Chamber
A0001 – A9999 Gefierer vun de Staatsverwaltungen
B0001 – B9999 Bussen
C0001 – C9999

D0001 – D9999[22]

Motoen
J0001 – J9999
K0001 – K9999
L0001 – L9999
Locatiounsgefierer  
Q0001 – Q9999
R0001 – R9999
S0001 – S9999
Unhänger
T0001 – T9999
U0001 – U9999
V0001 – V9999
Camionen, Zuchmaschinne
vu Semi-Remorquen an
industriell Trakteren
W0001 – W9999
X0001 – X9999
landwirtschaftlech Trakteren
Y0001 – Y9999 Maschinnen, déi eegestänneg fueren
Z0001 – Z9999 Gefierer, déi nëmme geleeëntlech
fueren (z. B. Gefierer vu Forainen)
Nei Serië vum 1. Juni 1999 un[22]:
E0001 – E9999

F0001 – F9999

Gefierer mat 3 Rieder

(tricycle)

G0001 – G9999

H0001 – H9999

Gefierer mat 4 Rieder

(quadricycle)

01MC – 99MC

01MD – 99MD

Liicht Gefierer mat 4 Rieder
01MY – 99MY Handicapéiertegefierer

D'personaliséiert Nummereschëlter ginn agefouert, Plackennummeren déi just aus dräi Ziffere bestinn, ginn net méi zougedeelt[23].

1. Juli 2003 änneren

 
Den Europafändel mam „L“ fir Lëtzebuerg

D'Detailer iwwert d'Nummereschëlter déi bis elo am Art. 62 vum geännerten Arrêté grand-ducal vun 1955 («Code de la route») stoungen, sinn do erausgeholl an an engem separate Règlement grand-ducal nei definéiert ginn[24].

All Nummereschëld huet elo um lénkse Bord e längelzege bloe Fong mat uewen den 12 Stäre vum Europafändel an drënner e wäisse Buschtaf „L“.

D'Plackennummer besteet aus 2 Buschtawen a 4 Zifferen, ausser fir:

  • personaliséiert Nummereschëlter (entweeder aus der lafender Serie, véierstelleg 1000 – 9999 oder fënnefstelleg 10000 – 99999)
  • speziell Gefierer oder Benotzer, déi eng Plackennummer aus der Tabell hei drënner zougedeelt kréien:
Reservéiert Serië vu Plackennummeren
Serie Benotzer / Gefierer
1 – 19
CD 1 – CD 19
Gefierer vum

Groussherzoglechen Haff

20 – 50
CD20 – CD50
Gefierer vun der Regierung
CD1000 – CD9999 Gefierer vum Diplomatesche Corps Stréch (-) tëscht den zwou éischten

an zwou leschten Zifferen

P1 – P99 Gefierer vun der Chamber
AA1000 – AA9999 Gefierer vun de Staatsverwaltungen
ZZ0001 – ZZ9999 Gefierer, déi nëmme geleeëntlech
fueren (z. B. Gefierer vu Forainen)
1000 - 9999 jj „Rout Placken“ jj = Joreszuel bis wéini d'Plack gëlteg ass
mm/jj 1000 - 9999 EXP Export-Placken mm/jj = Mount- a Joreszuel bis wéini d'Plack gëlteg ass;

EXP iwwertenee geschriwwen

Ausser fir personaliséiert Plackennummeren, bleift d'Nummereschëld mat deem e Gefier bei senger éischter Immatrikulatioun ugemellt gëtt, deem Gefier prinzipiell zougedeelt, bis et definitiv ofgemellt gëtt.

18. Dezember 2006[25] an 19. November 2007 änneren

Fir d'alphanumeresch Plackennummere gëtt den numereschen Deel esou zougedeelt[26]:

  • 0001 – 0099 fir Vëlomoten a Liicht Gefierer mat 4 Rieder; vum 19. November 2007 u waren et d'Nummeren 0010 – 0099
  • 0100 – 3999 fir personaliséiert Nummeren, awer net fir Vëlomoten a Liicht Gefierer mat 4 Rieder; vum 19. November 2007 u waren et d'Nummeren 0001 – 0009 an 0100 – 3999
  • 4000 – 9999 als Nummeren aus der lafender Serie (wéi am Tableau uewendriwwer) an der Sequenz BA4000 – BA4999, CA5000 – CA5999, DA6000 – DA6999, asw.

Um Spaweck änneren

Commons: Nummereschëld (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Questions / réponses relatives aux modifications du Code de la Route. snca.public.lu (2023-10-19). Gekuckt de(n) 2023-10-23.
  2. (fr)Règlement grand-ducal du 26 janvier 2016 relatif à la réception et l’immatriculation des véhicules routiers, tel qu'il a été modifié. data.legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 23.10.2023.
  3. (fr)Règlement grand-ducal du 21 septembre 2023 modifiant : (…) 2° le règlement grand-ducal modifié du 26 janvier 2016 relatif à la réception et l’immatriculation des véhicules routiers - Art. 21 (2). legilux.public.lu (21.09.2023). Gekuckt de(n) 23.10.2023.
  4. ibidem, Art. 21 (3)
  5. ibidem, Art. 21 (3) c): « les véhicules appartenant aux catégories de personnes suivantes, jouissant d’un statut diplomatique reconnu par le Grand-Duché de Luxembourg, sont immatriculés sous un numéro compris entre 1000 et 9999, précédé des lettres « CD » : - ceux des membres du corps diplomatique accrédités et résidant au Grand-Duché de Luxembourg ainsi que ceux des agents des organismes internationaux établis au Luxembourg ; - ceux du président, des vice-présidents, des présidents des groupes politiques et du secrétaire général du Parlement européen ; - ceux des juges, des avocats généraux et du greffier de la Cour de justice de l’Union européenne ; - ceux des membres et du secrétaire général de la Cour des comptes de l’Union européenne ; - ceux du président et des vice-présidents de la Banque européenne d’investissement ; - ceux des membres du conseil d’administration du Fonds européen d’investissement ; - ceux du chef du bureau et du chef adjoint du bureau de l’Association européenne de libre-échange au Grand-Duché de Luxembourg ; - ceux des membres des missions d’États accrédités auprès d’un organisme international établi au Luxembourg.
  6. ibidem, Art. 21 (2)
  7. ibidem, Art. 24
  8. (fr)Règlement grand-ducal du 26 janvier 2016 relatif à la réception et l’immatriculation des véhicules routiers. – Art. 26. legilux.public.lu (26.01.2016). Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  9. (fr)Règlement ministériel du 5 mai 2014 déterminant l’état des plaques d’immatriculation, des plaquesrouges et des signes distinctifs particuliers ainsi que les supports de ces plaques et signes. – Art. 1. data.legilux.public.lu (05.04.2015). Gekuckt de(n) 21.10.2023.
  10. 10,0 10,1 10,2 10,3 (fr)Règlement ministériel du 20 octobre 2023 modifiant le règlement ministériel modifié du 5 mai 2014 déterminant l’état des plaques d’immatriculation, des plaques rouges et des signes distinctifs particuliers ainsi que les supports de ces plaques et signes – Art. 1. legilux.public.lu (20.10.2023). Gekuckt de(n) 24.10.2023.
  11. ë. a. gebaut oder ugemellt viru méi wéi 30 Joer; definéiert am Artikel 2, Punkt 2.23 vum Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (tel qu’il a été modifié)
  12. (fr)Arrêté du 24 décembre 1906 concernant la circulation des voitures automobiles et des motocycles sur les voies publiques. data.legilux.public.lu (24.12.1906). Gekuckt de(n) 22.10.2023.
  13. (fr)Arrêté du 29 avril 1916, réglant les conditions des plaques à délivrer aux fabricants, marchands ou dépositaires d'automobiles et pouvant être transférées d'un véhicule à l'autre pour le réglage des moteurs d'essai. data.legilux.public.lu (29.04.1916). Gekuckt de(n) 22.10.2023.
  14. (fr)Arrêté du 4 février 1926, fixant le modèle et le mode de pose des plaques dont doivent être pourvus les automobiles et motocycles circulant sur les voies publiques. data.legilux.public.lu (04.02.1926). Gekuckt de(n) 22.10.2023.
  15. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques – Art. 62. data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 22.10.2023.
  16. (fr)Règlement grand-ducal du 23 décembre 1971 modifiant et complétant l'arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques – Art. 13. http://data.legilux.public.lu+(23.12.1971).+Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  17. (de)Luxemburger Wort, 125. Jg., n° 81, p. 7., Sind das ausländische Nummernschilder?. Bibliothèque nationale du Luxembourg (07.04.1972). Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  18. (de)Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 179, p. 9., Kampagne zwecks Einführung von rückstrahlenden Autonummernschildern.. Bibliothèque nationale du Luxembourg (29.06.1965). Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  19. (fr)Règlement grand-ducal du 20 juillet 1973 modifiant et complétant l'arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques – Art. 7. http://data.legilux.public.lu+(20.07.1973).+Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  20. (fr)Règlement grand-ducal du 20 octobre 1987 modifiant et complétant l'arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques – Article A. http://data.legilux.public.lu+(20.10.1987).+Gekuckt de(n) 26.10.2023.
  21. (fr)Règlement grand-ducal du 21 décembre 1991 sur le mode d'attribution des numéros d'immatriculation et d'identité des véhicules.. data.legilux.public.lu (21.12.1991). Gekuckt de(n) 22.10.2023.
  22. 22,0 22,1 vum 01.06.1999 un (Règlement grand-ducal du 29 avril 1999 modifiant le règlement grand-ducal du 21 décembre 1991 sur le mode d'attribution des numéros d'immatriculation et d'identité des véhicules)
  23. (fr)Loi du 21 décembre 1991 modifiant la loi du 14 février 1955 concernant la réglementation de la circulation sur toutes les voies publiques. data.legilux.public.lu (21.12.1991). Gekuckt de(n) 22.10.2023.
  24. (fr)Règlement grand-ducal du 17 juin 2003 relatif à l'identification des véhicules routiers, à leurs plaques d'immatriculation et aux modalités d'attribution de leurs numéros d'immatriculation.. http://data.legilux.public.lu+(17.06.2003).+Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  25. (fr)Règlement grand-ducal du 18 octobre 2006 modifiant: (…) 3) le règlement grand-ducal modifié du 17 juin 2003 relatif à l’identification des véhicules routiers, à leurs plaques d’immatriculation et aux modalités d’attribution de leurs numéros d’immatriculation – Art. 19. https://legilux.public.lu+(18.10.2006).+Gekuckt de(n) 26.10.2023.
  26. (fr)Règlement grand-ducal du 12 novembre 2007 modifiant (…) b) le règlement grand-ducal modifié du 17 juin 2003 relatif à l'identification des véhicules routiers, à leurs plaques d'immatriculation et aux modalités d'attribution de leurs numéros d'immatriculation. – Art 2. https://legilux.public.lu+(12.11.2007).+Gekuckt de(n) 26.10.2023.