Gaasperech

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

Gaasperech ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Süde vun der Haaptstad. En Deel dovun, de Gaasperecher Bann, ass zanter 2012 am Gaang, urbanistesch staark entwéckelt ze ginn.

Gaasperech
Vue op Gaasperech an am Hannergrond, de Belair
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Gasperich
de: Gasperich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 9.694
  31.12.2022
Fläch 445,25 ha
Héicht 312,2 m
Koordinaten 49° 35’ 28’’ N
      06° 07’ 23’’ O

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ban de Gasperich.

Geographie änneren

Gaasperech läit tëscht de Quartieren Zéisseng, Hollerech am Westen, Gare a Bouneweg-Süd am Osten an am Süden op der Grenz mat de Gemengen Hesper, Réiser a Leideleng. Am Nordoste vum Quartier, op der Grenz mam Houwald ass de Rond-point Gluck vu wou een Accès op d'Autobunn A3 huet. Iwwer d'Gaasperecher Kräiz kënnt een dann op de ganzen Autobunnsreseau.

Gaasperech huet eng Fläch vu 445,25 Hektar, wat 8,61 % vun der ganzer Fläch vun der Stad Lëtzebuerg ausmécht. Gaasperech huet eng Kierch, eng Spillschoul, zwee Gebaier fir d'Grondschoul, eng Sportshal an eng Schoulschwämm.

D'Héicht vum Quartier variéiert tëscht 276,2 an 312,2 Meter iwwer dem Mieresspigel.

D'Drosbech kënnt vu Westen op d'Cloche d'or, fléisst da queesch duerch Gaasperech weider op den Houwald.

Geschicht[1] änneren

Den Uertschaftsnumm Gaasperech gouf fir d'éischt am Joer 1083 ernimmt, awer scho laang virdru war e Buedem besidelt. Op Grond vun der Loftbildarcheologie konnt e Bauerenhaff aus der spéit-keltescher Zäit, ongeféier do wou haut d'Déierenasyl ass, nogewise ginn.

An der Réimerzäit goufen et um Gaasperecher Bann eng ganz Rei Bauerenhäff, déi sougenannt Villaen. An der Zäit vum Réimesche Räich hunn zwéi Kiemen duerch Gaasperech gefouert: de sougenannte „Stengege Wee“ (haut: Boulevard Raiffeisen) deen de Kiem vun Tréier op Arel mat der gallo-réimescher Siidlung um Duelemer Plateau verbonnen huet. En zweete Kiem, dee vu Märel koum an a Richtung Bouneweger Bann verlaf ass, ass queesch duerch Gaasperech gaangen, ongeféier do wou haut d'Gaasperecher Strooss verleeft.

Ernimmt gëtt Gaasperech awer eréischt am Joer 1083, an zwar am Grënnungsdokument vun der Abtei Almënster. De Grof Konrad I. huet zu Éiere vun den Apostelfürste Péiter a Paul e Klouschter baue gelooss deem en ë. a. Lännereien zu Gaasperech, um „mons Cuconis“, vermaach huet. Déi Terraine goufe vum Luzo (haut géif een Ludwig soen) bewirtschaft; de Luzo war domat den éischten ernimmte Gaasperecher.

Am Joer 1297 war dann ee „Waltier de Goysperch“ Schäffe vun der Stad („eschevin de Lucemburch“).

Duerch den Drëssegjärege Krich huet d'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg staark ofgeholl a Gaasperech war souguer ganz ausgestuerwen. D'Uertschaft huet sech awer an den nächste Joerhonnerten nees erkritt.

 
Monument aux Morts Luxembourg-Gasperich

1795 fänkt déi zweet franséisch Herrschaft iwwer Lëtzebuerg un a Lëtzebuerg gëtt ënner dem Numm Département des Forêts un déi franséisch Republik ugeschloss. En Departement war an Arrondissementer, Kantonen, a Gemengen opgedeelt. Un der Spëtzt vun der Gemeng Hollerech - zur där d'Uertschaften Hollerech, Gaasperech, Bouneweg an Zéisseng gehéiert hunn - stoung en Agent municipal; den éischte war e Gaasperecher, de Jakob Joris. No der Vollekszielung vun 1806 gouf et deemools zu Gaasperech 18 Haiser mat am Ganzen 98 Awunner.

Nodeem 1919 d'Société nationale des habitations à bon marché gegrënnt gouf, goufen och direkt eng Rei Eefamilljenhaiser gebaut, déi den Ufank vun der sougenannter „Kolonie“ gemaach hunn. 1935 hunn 1.236 Leit zu Gaasperech gewunnt.

Am Zweete Weltkrich war Gaasperech besonnesch duerch d'Bommenugrëff op d'Rangéiergare Zwickau staark betraff an hat am Ganzen 41 Krichsaffer ze bekloen. Fir u si z'erënnere gouf 1956 nieft der Kierch e Monument opgeriicht dat vum Sculpteur Pierre Berchem geschaf gouf.

Déi éischt Schoul zu Gaasperech gouf 1904 gebaut an 1937 vergréissert, ier 1977 en neit Gebai derbäi koum.

Awunner änneren

2001 hunn zu Gaasperech 5.623 Leit gewunnt, 2013 waren et der 5.247 an 2015 der 5.623. Op den 31.12.2022 hat Gaasperech 9.694 Awunner. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 27,72 % géintiwwer 72,28 % Auslänner[2].

Gaasperecher no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 9 694 100,00
1   Lëtzebuerg 2 687 27,72
2   Frankräich 1 797 18,54
3   Portugal 836 8,62
4   Italien 757 7,81
5   Belsch 329 3,39
6   Spuenien 246 2,54
7   Däitschland 203 2,09
8   Indien 196 2,02
9   China 165 1,70
10   Rumänien 160 1,65
Top 10 7 376 76,09
Aner Nationalitéiten 2 318 23,91

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gaasperech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Billergalerie änneren

Referenzen änneren

  1. „Gasperich - ein historisches Viertel am Südwestrand der Stadt“ vum John J. Müller Ons stad 31: Säite 7-11.
  2. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.