Italien

Staat a Südosteuropa
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Italien, offiziell Italieenesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an un Éisträich a Slowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italieenesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Insele wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italieenesche Festland.

Repubblica Italiana

Italieenesche Fändel

Italieenesche Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Italieenesch
(regional och Däitsch, Franséisch, Ladinesch, Furlanesch a Sloweenesch)
Haaptstad: Roum
Staatsform: Republik
 • President: Sergio Mattarella
 • Ministerpresident ("Conseilspresident"): Mario Draghi
Fläch: 301.338 km² (72.)
 • Dovu Waasser: 2,4 %
Bevëlkerung: 60.674.003 (2015) (23.)
 • Bevëlkerungsdicht: 201,3/km²
Onofhängegkeet: 17. Mäerz 1861: Vereenegung
2. Juni 1946: Republik
Nationalfeierdag: 2. Juni
Nationalhymn: Fratelli d'Italia - Inno di Mameli
(Lauschteren)
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .it
Internationalen
Telefonsprefix
:
+39
Regiounen an Italien
Neapel, déi drëttgréisst Stad an Italien

Italien ass e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, a vun der NATO a gehéiert zur Grupp vun de G7-Länner.

Geographie änneren

Geographesch gesinn ënnerscheet een:

Ënnerdeelungen änneren

Italien ass politesch an 20 Regiounen (regioni) mat jee enger eegener Regierung agegliddert, déi awer manner Kompetenzen hu wéi d'Bundeslänner an Däitschland oder d'Kantonen an der Schwäiz. Dës Regioune bestinn aus engem Total vun 108 Provënzen, déi hirersäits erëm a Gemengen opgedeelt sinn. Fënnef Regioune profitéiere vun engem extrae Statut, deen hinne méi autonom Kompetenze gëtt (op der Lëscht mat engem Stärche markéiert):

Gréisst Stied änneren

Déi gréisst Stad an Italien ass d'Haaptstad Roum. Den 31. Dezember 2014 waren déi 20 italieenesch Stied mat de meeschten Awunner:

Reliounen änneren

Mat 80,2 % Katholicken a 16,2 % Konfessiounslosen ass Italien e kathoulesch markéiert Land. Nëmmen 3,6 % vun den Awunner gehéieren zu anere Reliounen, dorënner 231.226 Zeie vu Jehova a 35.000 Judden.

Ekonomie änneren

Tourismus änneren

Vun Touriste staark besicht Stied, Dierfer a Plazen:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Italien – Biller, Videoen oder Audiodateien