Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ar ass eng al Flächemooss, Eenheetenzeechen: a (Formelzeeche vun der Fläch: A) vun exakt 100 m² an ass domat equivalent zu engem Quadratdekameter (dam²).

Am Joer 1793 gouf a Frankräich de Meter als den 10-milliounsten Deel vum Äerdquadrant op de Meridian vu Paräis festgeluecht. Zur gläicher Zäit gouf d'Eenheet are als Upassung un dat laténgescht Wuert ārea (Fläch, fräi Plaz) fir d'Fläch vun 100 m² nei geschaf. Am Joer 1868 gouf d'Moosseenheet ënner der Bezeechnung Ar och an aner Länner amtlech agefouert. An der Schwäiz gëtt de Begrëff Are ugewannt (Helvetismus).

Den Ar ass eng Eenheet déi net zum internationalen Eenheetesystem gehéiert. D'International Eenheet fir Flächemoossen ass de Meter Karee (m²).

Dekaar änneren

1 da:= 10 a = 1.000 m²

Hektar änneren

1 ha:= 100 a = 10.000 m²

Um Spaweck änneren