Johan Caspar de Cicignon

Dänesch-Lëtzebuerger Generol

De Johan Caspar de Cicignon oder Johan Caspar von Cicignon, gebuer ëm 1625 zu Uewerwampech a gestuerwe 1696 zu Fredrikstad an Norwegen, vun adelegem Geblitt, war e Generol mat lëtzebuergesche Wuerzelen, deen am Déngscht vun Dänemark stoung. Bekannt gouf hie virun allem wéinst sengen architektoneschen Aarbechten an Norwegen.

Johan Caspar de Cicignon
Gebuer 1625
Uewerwampech
Gestuerwen 12. Dezember 1696
Nationalitéit Norwegen
Aktivitéit Militäringenieur, Urbanist, Offizéier
Famill
Kanner Frederik Christopher de Cicignon

1657 gouf hien däneschen Offizéier an an de 1660er-Joren zum Kommandant vun der Festung Bergenhus an Norwegen ernannt. Zu Bergen, wéi och spéiderhin zu Fredrikstad, war hie responsabel fir de Bau an Ausbau vu militärstrategesche Festungen.

1681 ass hien op Trondheim an Norwegen geschéckt gi fir dee vun engem Groussbrand total zerstéierte Stadkär nei opzebauen a brandsécher ze maachen. Dem Cicignon säi barocke Baustil markéiert nach haut d'Trondheimer Stadbild.

Nieft Trondheim war de Cicignon och responsabel fir de Stadplang vu Kongsvinger an Norwegen.

Seng lescht Joren huet de Cicignon zu Fredrikstad als Immobiliespekulant verbruecht. Hie sollt 1696 als räiche Mann stierwen.

Zu Uewerwampech, zu Gaasperech an zu Trondheim erënneren nach haut Monumenter un de Cicignon. Zu Gaasperech ass d'Strooss mat sengem Monument no him genannt.

Literatur änneren

  • John Lamberty: Der vergessene Vauban, am Luxemburger Wort vum 14. Mäerz 2019, S. 33
  • Norbert Thill (Text & Biller): Oberwampach - Schlossherrschaft und Schlossbesitzer in Geschichte und Gegenwart; in: Heimat + Mission (erausgi vun den Häerz-Jesu Patere vu Clairefontaine; Drock: Sankt-Paulus, Lëtzebuerg), Nr. 1/2, 2003; Ss. 25-44.
  • Nissen, Harald: Johan Caspar Cicignon of Oberwampach: a Luxembourg immigrant in Norway - In: Annuaire: vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, Säiten 73-90, ill..
  • Cicignon zu Ehren - Oberwampach gedenkt eines grossen Sohnes; in: Luxemburger Wort vum 30. November 1981.
  • Vauban des Nordens - Trondheim und Luxemburg erinnern an Jean Gaspard de Cicignon; in: Luxemburger Wort vum 29. August 1981.
  • Bob Frommes: Jean Gaspard de Cicignon, seigneur de Oberwampach, 'Generalmajor', ingénieur militaire, commandant de forteresse, gouverneur, inspecteur général des fortifications danoises, chevalier du Danebrog, Vauban du nord; Lëtzebuerg (beim Auteur), 1977; 341 Säiten (ill.).

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Johan Caspar de Cicignon – Biller, Videoen oder Audiodateien