De Fabrice Guy gebuer den 30. Dezember 1968 zu Pontarlier am Departement Doubs, ass e fréiere franséische Spezialist an der Nordescher Kombinatioun.

Hien huet 1992 op den Olympesche Spiller zu Albertville d'Golmedail am Eenzel viru sengem Kompatriot Sylvain Guillaume kritt. Hie war och de Fändelsdréier vun der franséischer Delegatioun. Sechs Joer duerno krut hien op den Olympesche Wanterspiller zu Nagano eng bronze Medail mat der Ekipp.

De Fabrice Guy ass den eenzege Fransous deen d'Weltcoupe an der nordescher Kombinatioun fir sech konnt entscheeden.

2015 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Palmarès änneren

Olympesch Spiller änneren

Weltmeeschterschaften am Nordesch Schi änneren