Olympesch Wanterspiller 1992

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Wanterspiller 1992 oder XXVI. Olympesch Wanterspiller goufe vum 8. bis den 23. Februar 1992 zu Albertville a Frankräich ofgehalen.

XXVI. Olympesch Wanterspiller
Olympesch Wanterspiller
Maskottchen Magique
Land Frankräich
Ufanksdatum 8. Februar 1992
Schlussdatum 23. Februar 1992
opgemaach vum/vun der François Mitterrand
Olympeschen Eed Surya Bonaly, Pierre Bornat
Olympesch Fakel Michel Platini, François-Cyrille Grange
Ekippen 64
Athleeten 1.801
Spiller virdrun Olympesch Wanterspiller 1988
Spiller duerno Olympesch Wanterspiller 1994
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/albertville-1992

Et waren déi lescht Olympesch Wanterspiller déi am selwechte Joer wéi d'Olympesch Summerspiller ausgedroe goufen. Duerch eng Ännerung vun der Olympescher Charta déi op der 91. Sessioun vum IOK de 17. Oktober 1986 zu Lausanne beschloss gi war, sinn d'Olympesch Spiller elo zäitlech versat, sou datt all zwéi Joer eng olympesch Veranstaltung ass: eng Kéier Summer- an duerno Wanterspiller. No 1992 waren déi nächst Wanterspiller deemno schonn 1994 zu Lillehammer.

D'Olympesch Wanterspiller 1992 waren no Chamonix 1924 a Grenoble 1968 déi drëtt Wanterspiller a Frankräich.

Participanten änneren

Et hunn 1.801 Athleeten aus 64 Natiounen um Tournoi deelgeholl. De Schileefer Marc Girardelli huet als eenzege Sportler Lëtzebuerg zu Albertville representéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Wanterspiller 1992 – Biller, Videoen oder Audiodateien