Departement Doubs

franséischt Departement
Doubs (25)
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Prefecture Besançon
Ënnerprefecture Montbéliard
Pontarlier
Bevëlkerung 499.062 Aw.(1999)
Fläch 5.234 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 35
Gemengen 594

D'Departement Doubs (25) ass e franséischt Departement, an der Bourgogne-Franche-Comté. Säin Numm huet et vum Floss Doubs, deen derduerch leeft.

Geschicht änneren

D'Departement Doubs gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner de Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.

D'Republik Mandeure koum 1793 derbäi, an d'Fürstentum Montbéliard (dat virdrun zum Mont-Terrible an dann zum Haut-Rhin gehéiert huet), am Joer 1816.

Geographie änneren

Den Doubs ass en Deel vun der Regioun Bourgogne-Franche-Comté. E grenzt un d'Departementer Jura, Haute-Saône an Territoire de Belfort an un d'schwäizer Kantoner Vaud, Neuchâtel a Jura. Den héchste Punkt ass de Mont d'Or mat 1.463 m.

Déi zwou gréisst Stied aus der Franche-Comté, Besançon mat 130.000 Awunner, a Montbéliard mat 125.000, leien am Doubs.

Demographie änneren

D'Awunner ginn op Franséisch Doubistes oder Doubiens genannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Doubs – Biller, Videoen oder Audiodateien