De Conseil des Cinq-Cents war eng legislativ franséisch Versammlung déi, zesumme mam Conseil des Anciens duerch d' Constitutioun vum Joer III an d'Liewe geruff gi war, déi am August 1795 vun der Convention thermidorienne ugeholl gi war, an den 23. September 1795 applizéiert gouf. Nom Staatsstreech deen d'Enn vum Directoire bedeit huet, gouf de Conseil des Cinq-Cents vum Bonaparte opgeléist. Hien hat säi Sëtz an der Salle du Manège (Rue de Rivoli).

D'Diktatur vun der Convention war den 9. Thermidor Joer II mam Stuerz vum Robespierre op en Enn gaangen. Normalerweis hätt d'Constitutioun vun de Montagnards, déi en Suspens war, missen a Kraaft trieden, mä aus Angscht vun enger jakobinescher Reaktioun gouf all Iddi vun enger direkter Demokratie verworf. Et koum zu engem neie Projet, der Constitutioun vum Directoire. Deen Text, dee sech gréisstendeels un der Constitutioun vu 1791 inspiréiert huet, huet eng kloer Gewaltentrennung virgesinn.

Sou gouf en Zweekummersystem an d'Liewe geruff mat:

D'Exekutiv louch an den Hänn vun engem Directoire vu fënnef Memberen.

D'Iddi vum Conseil des Cinq-Cents, déi vum Sieyès opgegraff ginn ass, huet duebel Originnen:

  • Engersäits gouf den antike Rot vun Athen imitéiert, d'Boulè, déi d'griichesch Demokratie garantéiert hat.
  • Op der anerer Säit gouf den englesche System vun dëser Zäit kopéiert. Dëse System hat - an huet nach haut - en Ënnerhaus (House of Commons) an en Uewerhaus (House of Lords).

De Conseil huet aus 500 Membere bestanen, déi nom Zensus-Walrecht gewielt goufen. D'Memberen hu missen iwwer 30 Joer al sinn, an op d'mannst schonn 10 Joer op franséischem Territoire wunnen. All Joer gouf een Drëttel vum Conseil erneiert. Seng Aufgabe ware Gesetzestexter opsetzen, a Resolutioune stëmmen, déi dann un de Conseil des Anciens weidergereecht goufen. Ausserdeem huet de Conseil des Cinq-Cents d'Lëscht mat de Kandidate fir d'Wal vun de fënnef Direkteren zesummegestallt.

De System huet awer net richteg funktionéiert. D'Gewaltentrennung war ze strikt, an d'Direkteren hate sech éiweg mat de Conseilsën an den Hoer, déi och ënnerdenaner net ëmmer eens gi sinn. Mam Staatsstreech vum Bonaparte ass d'Ära vum Directoire op en Enn gaangen, a mat him déi zwee Conseilsën.

Um Spaweck änneren