De Conseil des Anciens war eng legislativ franséisch Versammlung déi, zesumme mam Conseil des Cinq-Cents duerch d'Constitutioun vum Joer III an d'Liewe geruff gi war, déi am August 1795 vun der Convention thermidorienne ugeholl gi war, an den 23. September 1795 applizéiert gouf.

Sigel vum Conseil des Anciens

De Conseil des Anciens huet sech d'Muecht mam exekutiven Directoire gedeelt, an zesumme mam Conseil des Cinq-Cents Gesetzer ausgeschafft. De Conseil hat 250 Memberen, vun deenen een Drëttel all Joer ausgetosch ginn ass. D'Memberen hunn op d'mannst misse 40 Joer al sinn, bestuet oder Wittmann, an zanter op d'mannst 15 Joer um Territoire vun der Republik wunnen. De Sëtz vum Conseil war de Palais des Tuileries, wou d'Resolutioune vum Conseil des Cinq-Cents entweeder ugeholl oder verworf goufen, a wou d'Direktere vun der Exekutiv gewielt goufen.

1799 huet de Conseil decidéiert, d'Versammlungen op Saint-Cloud ze verleeën, wat de Staatsstreech vum Bonaparte vereinfacht huet.

Mam Consulat gouf de Conseil des Anciens opgeléist.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren