D'Jakobiner waren eng vun de wichtegste politesche Gruppe wärend der Franséischer Revolutioun. De Jakobinismus war eng Ideologie, an hiren Haapttheoretiker war de Robespierre. Hiren Numm kruten d'Jakobiner duerch e Klouschter zu Paräis, wou si sech ëmmer getraff hunn.

E Fräiheetsbam mat Phrygescher Mutz an der Musellandschaft tëscht Lëtzebuerg a Frankräich mat der Uertschaft Schengen am Hannergrond. Aquarell vum Goethe (1792).

De Club des Jacobins änneren

An den éischten Deeg vum Juni 1789 huet sech eng Gesellschaft aus Deputéierte vum Drëtte Stand zesummefonnt. Si hu sech Club breton genannt, well vill Deputéierten aus der Bretagne komm sinn. Hir Aktioun huet dora bestanen, d'aktuell Affären ënnereneen ze diskutéieren, a si wollte sech net trennen, bis Frankräich eng Constitutioun géif kréien. Ënner dem Numm Société des amis de la Constitution sinn d'Jakobiner am Oktober 1789 an d'Dominikanerklouschter an d'Rue St. Honoré zu Paräis geplënnert. Zu deem Zäitpunkt hat de Club des Jacobins eng ronn 200 Memberen, dorënner de Le Chapelier, de Barnave, den Duport, de Lameth an Deputéierte vu Lénks wéi de Robespierre.

Déi Gesellschaft gouf séier zu den aktivste Gesellschaften a Frankräich. Am August 1790 gouf et an der Provënz 152 affiliéiert Gesellschaften.

Um Ufank waren d'Jakobiner zimmlech moderéiert, d'Membere vun der Gesellschaft fir eng liberal mä net demokratesch konstitutionell Monarchie[1]. Hir Positioune sinn awer Enn 1790, Ufank 1791 méi haart ginn. Vis-à-vis vun enger aggressiver Géigerevolutioun[2] an enger Assemblée constituante déi an hiren Aen net staark genuch war, waren d'Jakobiner méi dynamesch an hunn d'Revendikatioune vum Vollek héieren.

Et koum zu interne Streidereie nom Fluchtversuch vum Louis XVI. op Varennes, an déi méi moderéiert Jakobiner hunn d'Gesellschaft verlooss an de Club des Feuillants gegrënnt. De Robespierre an de Pétion ware sou zimmlech déi eenzeg, déi an der Rue St. Honoré bliwwe sinn. D'affiliéiert Gesellschaften am Ganze Land sinn hinnen awer trei bliwwen. De Club des Jacobins gouf elo radikal ëmgeännert. De Robespierre krut en ëmmer méi groussen Afloss am Club des Jacobins an huet eng grouss Botz gemaach. D'Gesellschaft gouf ëmmer méi aggressiv. Am September 1791 goufen eng 1000 affiliéiert Gesellschafte gezielt. Den 12. Oktober 1791 goufen Tribünen installéiert, fir datt bei den Debatten och Spectateure konnten dobäi sinn.

Obschonn de Club des Jacobins keng kloer definéiert Roll an den Evenementer vum 10. August gespillt huet[3], sou huet et awer geschéngt, wéi wann d'Jakobiner bis am September 1792 en Deel vun hirem Afloss verluer hätten.

D'Jakobiner un der Muecht änneren

 
De Maximilien de Robespierre

Dëst huet sech schlagaarteg geännert, wéi de Robespierre de Brissot erausgehäit huet, a selwer de Club des Jacobins an d'Hand geholl huet. Den 22. September 1792 hat d'Gesellschaft sech op den Numm Société des Jacobins amis de la liberté et de l'égalité ëmgedeeft, an war an der Oppositioun géint d'Convention[4]. De Robespierre huet sech dofir nach méi op d'Vollek gestäipt. 1793 hu sech d'Jakobiner selwer als d'Vollek ouni Feeler ugesinn. Si goufen ëmmer méi resolut, wat hinnen ëmmer méi Afloss ginn huet. Si ware mat schëlleg um Doud vum Kinnek an hunn eng Intimidatiounspolitik bedriwwen, fir de Girondins d'Stëmmen ze huelen. D'Jakobiner hunn och d'Evenementer vum 2. Juni 1793 organiséiert, fir d'Deputéierte vun der Gironde ze stierzen.

Nodeem d'Girondins aus dem Wee waren, hunn d'Jakobiner eng Tutelle op d'Convention ausgeübt, soudatt a Wierklechkeet si un der Muecht waren, a gouvernéiert hunn. D'Membere vum Comité de salut public ware Jakobiner, sou wéi all d'Membere vun den anere Comitée vum Gouvernement. E groussen Deel vun de Montagnards hunn och zu der Gesellschaft gehéiert. No der Eliminatioun vun den Hébertisten am Germinal Joer II war och d'Commune a Jakobinerhand. Um Enn vum Germinal haten d'Jakobiner déi komplett Autoritéit iwwer d'Convention nationale wou en Enn vun de Fraktiounen[5] eng eenheetlech Legislatioun erméiglecht huet.

D'Enn vum Club des Jacobins änneren

Um Ufank vm Joer 1794 ginn d'Filiale vum Club des Jacobins op 5000 a ganz Frankräich geschat. Mä lues awer sécher hu sech Oppositiounen an der Gesellschaft gewisen, déi duerch e Réckzuch vum Robespierre am Fructidor begënschtegt goufen. Den 9. Thermidor konnt de Club des Jacobins säi Leader net verdeedegen. D'Thermidorianesch Reaktioun huet mat Exekutioune vun den Haaptmembere vun de Jakobiner, dorënner de Robespierre, der Gesellschaft en Enn gesat. D'Jakobiner kruten d'Schold un der Terreur.

Den 12. November 1794 huet de Club des Jacobins seng Diere missen zoumaachen.

Berüümt Memberen änneren

Literatur zum Theema änneren

  • Jacques Castelnau, Le Club des Jacobins: 1789-1795, Hachette, Paräis, 1947.
  • Walter Gérard, Histoire des Jacobins, A. Somogy, Paräis, 1946.
  • Michel Peronnet, Le jacobinisme, Editas, Montpellier, 1990.
  • Albert Soboul, Paysans, Sans-culottes et Jacobins, Librairie Clavreuil, Paräis, 1966.
  • Michel Vovelle, Les Jacobins: de Robespierre à Chevènement, La Découverte, Paräis, 2001. (ISBN 2-7071-3497-X)

Um Spaweck änneren

Commons: Jacobin Club – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Jakobiner waren alleguer aktiv Bierger, déi eng erhéichte Kotisatioun vu 24 Francs bezuelt hunn.
  2. Emigranten a refractaire Paschtéier.
  3. Eng Partie Jakobiner waren an de revolutionären Institutioune vertrueden: Commune, Geriichter asw.
  4. Girondins a Moderéiert.
  5. Hébertisten, Dantonnisten