Legislativ

Gewalt déi Gesetzer mécht

D'Legislativ (v. lat. lex, legis - d'Gesetz; d'Gewalt déi Gesetzer mécht) ass an enger Demokratie eng vun den dräi Gewalten nieft der Exekutiv an der Judikativ. Si ass zoustänneg fir d'Berodung an d'Stëmme vu Gesetzer (Legislativ Prozedur) am inhaltlechen a formelle Sënn, wéi och fir d'Kontroll vun der Exekutiv an der Judikativ. An enger representativer Demokratie mat Gewaltendeelung steet d'Legislativ de Parlamenter zou. A Staate mat Elementer vun direkter Demokratie trëtt am Eenzelfall och d'Vollek als Legislateur op.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Legislativ vun der Chamber gebilt. An der Bundesrepublik Däitschland bilden de Bundestag an de Bundesrat wéi och déi eenzel Lännerparlamenter d'Legislativ. An der Schwäiz hu mer den Nationalrat an de Ständerat, an an Éisträich den Nationalrat an de Bundesrat. Eis franséisch Nopere kennen d'Assemblée nationale an de Senat.

An der Europäescher Unioun sinn, an deene meeschte Fäll, d'Europäescht Parlament an de Conseil vun de Ministere Colegislateur. An deenen anere Fäll ass dat de Conseil eleng.

Kuckt och änneren