Zweet Cohabitatioun
François Mitterrand
Président vun der Republik
Édouard Balladur
Premier ministre
Parti socialiste RPR
Éischt Cohabitatioun
Drëtt Cohabitatioun

Déi Zweet Cohabitatioun a Frankräich huet tëscht dem Mäerz 1993 an dem Mee 1995 bestanen. Et war d'Folleg vun de Walen am Mäerz 1993 déi d'Majoritéit an der Assemblée Nationale op d'Kopp gehäit haten. D'Droite hat 472 Sëtz vu 577 kritt.

D'Haaptpersonnagë waren de François Mitterrand als President vun der Republik an den Édouard Balladur als Premier.

Am Verglach mat der Éischter Cohabitatioun gouf se vill méi wéi e Konsensus ugesinn a se krut de Spëtznumm Samette Cohabitatioun, wéinst de besonnesch héifleche Relatiounen tëscht de Spëtzeleit.[1].

Ursaach

Déi zweet Cohabitatioun ass entstanen, wéi d'Droite d'Legislativwale gewonnen hat an de President Mitterrand säi Mandat, grad wéi bei där éischter, net wollt opginn.[2]

Politeschen Hannergrond

Zanter de leschte Walen hat sech de politesche Kontext an d'Muechtverhältnes tëscht de Parteie staark verännert. Bei de Wale vun 1993 krut déi sozialistesch Partei eng déck op den Deckel. Am éischten Tour krute se just 17,6 % vun de Stëmmen. Se hat d'Hallschent vun hire Wieler par Rapport zur Wal vun 1988 verluer. Nom zweeten Tour hat se 4/5 vun den Deputéierte verluer an dovun e puerdéi net grad déi mannst waren, wéi de Michel Rocard oder de Lionel Jospin. Déi soizalistesch Grupp am Parlamenent war op 56 erofgaangen.

Am Géigesaz zu 1986 hat de President keng staark Verbindung méi zur Assemblée an de Circoscritioune ware se praktesch inexistent. D'Spannungen tëscht him a veschiddene Pateimembere ware grouss ginn an d'Partei, hie konnt seng Iddien net méi richteg ënnerdag bréngen, an d'Partei war voll dermat beschäftegt fir sech op d'Zäit nom Mitterand virzebereeden. Doriwwer eraus hu seng gesondheetlech Problemer déi zanter engem Joer bekannt waren, kloer gemaach datt eng Kandidatur bei nächste Walen net méi a Fro kéim.

Grad wéi 1986 sot hien, datt hie säi Mandat wéilt bis un d'Enn féieren sou wéi en dat schonn am Februar op France 3 gesot hat.[3]

Sou koum et datt de François Mitterrand den Édouard Balladur, Ekonomiesminister an der Éischter Cohabitatioun, als Premierminister ernennt.

Verschidde Leit wéi de Valéry Giscard d'Estaing, hätt léiwer gehat wann de President demissionéiert hätt an et fräizäiteg Neiwale fir d'Presidentschaft gi wier, fir wéi hie sot datt Frankräich net an enger permanenter Walperiod misst liewen.

Allgemenges

Oschonn déi zweet Cohabitatioun méi roueg war wéi déi éischt, sou gouf et awer en ettlech Reiwereien tëscht dem President an dem Premierminister, sou z. B. wéi de Mitterrand refuséiert huet d'Revisioun vun der Loi Falloux op den Ordre du Jour vun der aussergewéinlecher parlamentarescher Sessioun vum Juli 1993 ze setzen, souwéi de Problem vun den Nukleartester am Pazifik an d'Noutwennegkeet vun enger Revisioun vun der Constitutioun fir d'Uwennung vum Schengener Ofkommes.

Grad wéi an der éischter Cohabitatioun genéiert hie sech net fir sech vum Premier sengen Aktiounen ze distanzéieren soubal hie mengt datt d'Acquis sociaux bedreet wieren.

Originell bei där Cohabitatioun ass datt d'Kriticke géint d'Ekonomies- a Sozialpolitik vun der Regierung och vu Säite vun der parlamentarescher Majoritéit kommen a speziell vum Premier senger Partei. Am RPR verlaange verschidde Leit eng aner Politik a kritizéieren dem Balladur seng Method fir ze regéieren, d. h. eng Reformpolitik mat deem gréisstméigleche Konsensus. Sou entsteet lues a lues nieft der Cohabitatioun vun de zwéi Responsable vun der Exekutiv eng zweet Cohabitatioun tëscht dem Premier an engem Deel vun der parlamentarescher Majoritéit. Wéi et am Summer 1994 kloer war, datt de Jacques Chirac an den Édourd Balladur sech bei de Presidentschaftwale vun 1995, géigeniwwer géife stoen, gouf et an där klenger zweeter Cohabitatioun ëmmer méi Konflikter.

Bannepolitik

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An der Bannepolitik waren e puer Aktiounen déi an d'A gefall sinn:

  • D'Aféiere vun engem SMIC jeune.
  • D'Aféiere vun enger Prime beim Kaf vun engem elektreschen Auto[4]
  • D'Gesetz iwwer Privatisatioun[5].
  • Den Decret iwwer d'Brout fir déi traditionell Bäckereien ze schützen[6]

Aussepolitik

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Déi zweet Cohabitatioun gouf vun den Evenementer am Ruanda matkéiert. Direkt am Ufank war d'Operatioun Noroît, déi am Kader vum ruandesesche Biergerkrich lancéiert gi war, vum 4. Oktober 1990 un am Lafen an d'Vehandlunge vun de Verträg vun Urusha, déi dem Konflikt en Enn sollte setzen, waren amgaangen. Nom Ofschloss vun de Verhandlungen am August 1993 gouf d'UNOmissioun UNAMIR/Minuar am Dezember 1993 dohinner geschéckt an d'Fransousen hunn hir Truppen zeréckgezunn, mä et blouwen 30 bis 40 Mann do.

1994 am Ufank vum Tutsi-Genocide huet Frankräich d'Operatioun Amaryllis, eng Militäroperatioun fir Fransousen an aner Auslänner z'evakuéieren, gestart.

Wärend dem Genocide war Frankräich ganz aktiv um diplomatesche Plang, an duerno krut et vun der UNO d'Erlabnes fir eng humanitär Operation ze maachen, déi ënner dem Numm Operatioun Turquoise bekannt gouf.

Den 21. Juni 1994 huet de Balladur dem President Mitterrand e Warnbréif iwwer de Risiko vun neokolonialisteschen Entgleisunge vun där Operatioun, an der Iddi déi hie sech vun där hiren humanitären Objektiver géif maachen, geschéckt.

Kuckt och

Bibliographie

  • Édouard Balladur, Deux ans à Matignon, Plon, 1995.

Referenzen

  1. 1993-1995 : la « cohabitation de velours », ladocumentationfrancaise.fr, consulté le 29 mars 2009.
  2. Le Président de la République est élu par le peuple pour une durée donnée, en la circonstance, c'est sept ans, et pendant ces sept ans il doit faire son devoir (Pressekonferenz vum 21. November 1895)
  3. Je dois exécuter le mandat pour lequel j'ai été élu (...). Une élection législative ce n'est pas une élection présidentielle" (France 3, 18. Februar 1993).
  4. Décret no 95-697 du 9 mai 1995 instituant une aide à l'acquisition de véhicules électriques
  5. .LOI n° 93-923 du 19 juillet 1993 de privatisation
  6. Décret n°93-1074 du 13 septembre 1993 pris pour l'application de la loi du 1er août 1905 en ce qui concerne certaines catégories de pains