Zithaklinick
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Zithaklinick (och nach Zitaklinick, offiziell Schreifweis: Zithaklinik) oder einfach d'Zit(h)a, op Franséisch fréier och Clinique Sainte-Thérèse, ass e Spidol am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Et gouf 1924 gegrënnt a gehéiert zënter 2014 zum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman. D'Klinick huet hiren Numm vun der helleger Zita.
Neit Gebai mat der Haaptentrée an der Antwerpener Strooss | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Garer Quartier |
Adress |
20-30 Antwerpener Strooss Lëtzebuerg |
Better | 200[1] |
Websäit | hopitauxschuman.lu |
2015 ass annoncéiert ginn, datt d'total Fläch vum Gebai bis 2020 ëm 20% vergréissert soll ginn[2]. Den 13. Juni 2016 gouf de Grondstee vum neie Gebai „E“ geluecht an d'Strauss gouf den 20. September 2017 gefeiert[3]. Den Nei- resp. Ëmbau huet eppes méi wéi 70 Milliounen Euro kascht[1]. Dat neit Gebai ass Enn 2020 opgaangen[1].
2013 waren an der Zithaklinick 23.363 Patienten an et goufen 8.483 Operatioune gemaach. Et hunn 821 Leit aus 17 verschiddenen Natiounen do geschafft, vun deenen iwwer 70% Frae waren.
Biller
änneren-
Dat aalt Gebai an der Zithastrooss…
-
… an dat neit an der Antwerpener Strooss
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Zithaklinick – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- En Abléck an deen neie Fligel vun der Zithaklinik, www.rtl.lu. Reportage vum 1. Februar 2021, gekuckt den 23. Februar 2021
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 „En Abléck an deen neie Fligel vun der Zithaklinik“, Um Spaweck
- ↑ Luxemburger Wort: Zitha-Klinik wird größer und moderner (18. Mäerz 2015)
- ↑ Nos dates clés. HÔPITAUX ROBERT SCHUMAN. Gekuckt de(n) 2021-02-23.