Den Zelos war an der griichescher Mythologie de Gott vum Äifer, de Jong vum Styx a vum Pallas, Brudder vum Bia, Kratos a Nike. Zesumme mat senger Mamm a senge Gesëschter war hien ee vun den éischten déi den Zeus am Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) ënnerstëtzt hunn. Dofir koum him och d'Éier zu Deel eng Plaz nieft dem Zeus sengem Troun ze hunn.

Eng Versioun erzielt och en hätt zesumme mam Apate der neigebuerener Aphrodite aus dem Mier gehollef.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.