Złoty
Wärung vu Polen
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Złoty (PLN) ass zanter 1924 déi offiziell Wärung vu Polen.
1 Złoty ass an 100 Groszy ënnerdeelt.
Geschicht
ännerenDe Złoty gouf am 14. Joerhonnert am Kinnekräich Polen als Wärung agefouert. 1841 gouf de Złoty duerch d'Aféiere vum Rubel ofgeschaaft.
Zweet Republik
änneren1924 gouf de Złoty no der extreemer Inflatioun vum Éischte Weltkrich erëm agefouert, an huet domat d'Polnesch Mark ersat. Wärend der Däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich blouf de Złoty am Generalgouvernement als Wärung bestoen a gouf no der Besatzungzäit bäibehalen.
Den 1. Januar 1995 gouf de Złoty zum Faktor 1 : 10.000 nei bewäert: 1 Nowy Złoty (PLN) entsprécht deemno 10.000 'Alen' (PLZ).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Złoty – Biller, Videoen oder Audiodateien |