Zëmmer

Deel vun engem Gebai

En Zëmmer ass e Raum an en Deel vun enger Wunneng oder engem Gebai, besonnesch engem Wunngebai, deen zou ass an op all Säite Wänn, e Buedem an/oder e Plaffong huet.

En huet eng gewësse Fläch, eng Dier fir eran- an erauszekommen a generell eng Fënster (ausser dem Buedzëmmer an der Toilette déi dacks keng Fënster hunn). E Raum, dee kee Wunnzweck erfëllt (Spënnchen, Debarras, Garage, Stall...) oder nëmmen en Nieweraum ass (Gank, Trapenhaus, Schacht...) gëtt an der Reegel net als Zëmmer bezeechent.