Eng Dier ass generell e Lach an enger Mauer, dat den Accès an e Gebai oder en Haff oder den Duerchgank vun engem Deel vum Gebai an en aneren erméiglecht. E klassescht Material vun enger Dier ass Holz, mä si kann och aus Aluminium, Plastik, Glas, Stol oder aner Materialie sinn.

Dier

Eng Dier kann op- an zougemaach ginn an domat e Raum zougänglech oder onzougänglech gemaachen. Mat Hëllef vun engem Schlass kann eng Dier zougespaart ginn, fir datt nëmmen déi Leit era kënne goen, déi e Schlëssel hunn oder eragelooss ginn. Diere bidden och Schutz viru Kaméidi, Wäermt a Keelt.

Déi geleefegst Form vun Dier ass déi, bäi där eng Plack mat zwou oder méi Jarnéieren un engem Kader, der Zarg festgemaach ass. Et gëtt et awer och Schibedieren, bei deenen d'Plack mat Lafschinnen um Kader befestegt ass a säitlech hin an hier gedréckt ka ginn, a Faldieren. Do ënnerscheet een engersäits tëscht Dieren, déi aus e puer flexibele Sträife bestinn, déi sech beim Opmaachen zesummefalen, an anerersäits Dieren, déi an de Buedem agelooss sinn, a bei där d'Plack beim Zoumaachen an en horizontale Kader fält. D'Dréidier besteet aus zwee bis véier Diereflilleken, déi un enger vertikaler Achs befestegt sinn an an engem ronnen Haische rotéieren. Donieft gëtt et nach aner Zorten Dieren, z. B. Kippdiere wéi d'Garagendieren.

De Prinzip vun der Fënster gläicht deem vun der Dier, mat der Ausnam, datt een duerch d'Fënster am Allgemengen net eran- an erausgeet.

Eng Dier ass awer och all aner beweeglech Struktur, déi engem Accès zu engem zouene Raum bitt, z. B. d'Autosdier, d'Schafendier oder d'Frigosdier.

Grouss Diere gi Paarte genannt.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dier – Biller, Videoen oder Audiodateien