Als Zäitdéngscht gëtt an der Astrometrie an an de Geowëssenschaften en national oder international gereegelten Déngscht fir déi genee Weltzäit (UT a UTC) souwéi d'Emissioun vun Zäitsignaler mat Zäitzeechesendere bezeechent. Zanter dem Vollausbau vum GPS droen och déi vu Satellitte fortgeschéckt Zäitsignaler dozou bäi.

Wann et am Mëttelalter nëmmen e lokalen Zäitdéngscht gouf (meeschtens nëmmen op ongeféier mat Sonnenauer, heiansdo mat Mëtteskanoun), sou goufe s'an der Entdeckungszäit vun de Séifuerer – mat méi Prezisioun – op eenzel Observatoirë verluecht oder stänneg vun Observatoirë bedriwwen. Deelweis krut den Zäitschutz vu sou Observatoiren och amtlech Legitimitéit, wéi z. B. déi vun der Wiener Urania.

Eréischt am Ufank vum 20. Joerhonnert entstoungen national gereegelt Zäitdéngschter, déi entweeder vun eenzelen Observatoiren oder vu physikaleschen Instituten wéi dem BIH zu Paräis iwwerholl goufen. A verschiddene Länner waren och zentral Äichämter verantwortlech, wéi deelweis an Däitschland (?) an an der Schwäiz.

Haut sinn d'Zäitdéngschter international vernetzt, bedreiwe grouss Auerenanlage mat dacks villen Atomaueren oder Waasserstoffmaseren, deenen hire géigesäitegen Auerestand iwwer Funk oder (méi rar) mat direktem Auertransport verglach gëtt. Eréischt d'Kollektivitéit vu ville Statiounen an Déngschter formen dat internationaalt definitiivt Zäitsystem vun der Atomzäit (AT) an der Weltzäit (UT1 an UTC). D'Ofwäichunge vun den eenzelen Zäitdéngschter vun der Kollektivitéit, déi haut nëmme nach am Beräich vu Nanosekonne läit, gi lafend iwwerwaacht a periodesch publizéiert. Si ginn duerch e Nummindex gezeechent, z. B. AT(PTB) fir d'Atomzäit vun der Physikalesch-Technesch Bundesanstalt zu Braunschweig oder UTC(BEV) fir d'Universal Time vum BEV zu Wien.

D'Zäitdéngschter ginn ëmmer méi vun organisatoresch an technesch mat geodetesche Fundamentalstatioune verbonnen, soudatt déi lafend Iwwerwaachung vun der Äerdrotatioun an intradisziplinärer Kooperatioun erfollege kann, zesumme mat globalen Déngschter wéi dem IERS.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie