Weltzäit
D'Weltzäit, och Äerdzäit[1],[2] genannt, ass en Zäitsystem, dat weltwäit déi selwecht Zäit ugëtt, am Géigesaz zur Zonenzäit, déi nëmmen an enger regional begrenzter Zäitzon gëlteg ass.
Weider Detailer
ännerenFréier war et normal, déi lokal Sonnenzäit ze gebrauchen, ufanks déi Lokalzäit déi vun enger net korrigéierter Sonnenauer gemooss gouf an net ganz gläichméisseg ofgelaf ass. Spéider, wéi mechanesch Auere gebraucht goufen, war et déi gläichméisseg mëttel Lokalzäit. Nom Opkomme vun der Eisebunn an der Telegraphie gouf eng Reduktioun vun de ville Lokalzäiten op e puer gebittsweis unerkannt Zäitangaben néideg. Et koum zu der Schafung vun Zäitzonen, deenen hir Ofwäichung vun der - Lokalzäit - maximal un den ëstlechen a westlechen Zoneränder - akzeptabel gehale gouf. Där géigesäiteger Koordinatioun läit eng Weltzäit zugronn, vun där si an der Reegel a ganze Stonnen ofwäichen.
Op der Washingtoner Meridiankonferenz 1884 gouf sech op de Meridian duerch Greenwich als Nullmeridian geenegt an op d'Greenwich Mean Time (GMT) als éischt allgemeng gëlteg Weltzäit. D'GMT ass déi mat astronomesche Miessunge bestëmmt mëttel Lokalzäit um Meridian deen duerch den Observatoire vu Greenwich féiert. 1928 gouf déi an Universal Time ëmgenannt. Zanter 1972 gebraucht een als Weltzäit, d'Koordinéiert Weltzäit (UTC) déi d'Atomaueren uginn.
Wärend haut also am deegleche Liewen déi jeeweileg gëlteg Zonenzäit gebraucht gëtt, huet d'Weltzäit am internationale Verkéier, zum Beispill Fluchverkéier oder am Internet, iwwerall déi selwecht Zäitskala.
1884–1924 | GMT |
1925–1928 | nei GMT |
1928–1971 | UT |
zanter 1972 | UTC |
Um Spaweck
änneren- (en) timeanddate.com– Auerzäit, Koordinaten, Zäitzonen, internationaal Ofkierzungen a landesspezifesch Informatiounen
Referenzen
änneren- ↑ Et geet ëm Sekonnen – Artikel bei der TAZ, vum 25. Oktober 2003
- ↑ Messen: Zeit – Seite bei Beyenbach; Stand: 4. Oktober 2011