Yvonne Stoffel-Wagener
(Virugeleet vu(n) Yvonne Stoffel-Wagner)
D'Yvonne Stoffel-Wagener, gebuer de 16. Mee 1931 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen de 5. Abrëll 2014[1], war eng lëtzebuergesch Turnerin an Olympionickin.[2]
Yvonne Stoffel-Wagener | |
---|---|
Gebuer |
16. Mee 1931 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
5. Abrëll 2014 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
Si war mam laangjärege Landesmeeschter am Turnen, dem Josy Stoffel bestuet.
D'Yvonne Stoffel-Wagener gouf 1945 Member vum Dammenturnveräin Avenir vun Déifferdeng. 1956 gouf si Landes- a Wantermeeschterin. Tëscht 1949 a 1968 war se Monitrice beim Avenir Déifferdeng. Vun 1950 bis 1965 war se Member vun der Nationalmannschaft, a vun 1966 bis 1973 Trainerin vun der Nationalmannschaft.
Si war 1954 op de Weltmeeschterschaften zu Roum an 1958 zu Moskau derbäi an 1960 bei den Olympesche Spiller zu Roum.[3]
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
- D'Gemeng Déifferdeng éiert de Josy Stoffel a seng Fra, d'Yvonne Stoffel-Wagner (Archivéiert Versioun)