Yrjö Väisälä
De Yrjö Väisälä, gebuer de 6. September 1891 zu Kontiolahti, a gestuerwen den 21. Juli 1971 zu Rymättylä, war e finneschen Astronom a Physiker.
Yrjö Väisälä | |
---|---|
Gebuer |
6. September 1891 Kontiolahti |
Gestuerwen |
21. Juli 1971 Rymättylä |
Nationalitéit | Finnland |
Aktivitéit | Astronom, Esperantist, Universitéitsprofesser, Physiker, Meteorolog |
Famill | |
Geschwëster | Kalle Väisälä, Vilho Väisälä |
Kanner | Marja Väisälä |
De Väisälä huet 1922 säin Doktortitel kritt an huet wärend dëser Zäit als Vermiesser an Astronom bis 1925 am geodeteschen Institut vun der Universitéit Turku geschafft. Hie beschäftegt sech hei mat der Triangulatioun an entwéckelt d'Konzept vun der Liichtinterferenz fir d'Längemiessung op gréisseren Distanzen. Am Joer 1925 gouf hie Professer fir Physik.
A senger weiderer Lafbunn verlagert de Yrjö Väisilä säin Tätegkeetsfeld op Meteorologie an d'Astronomie. Hien huet d'Method vun der Triangulatioun op astronomesch Objeten iwwerdroen. De Väisälä huet zu de Grënner vum Astronomeschen Observatoire vun der Universitéit nu Turku am Joer 1952 gehéiert a war bis zu sengem Doud och den Direkter.
Am Laf vu senge wëssenschaftlechen Aarbechten huet hien och 128 Asteroiden an 2 Koméiten entdeckt. E Moundkrater gouf wéinst senge Verdéngschter no him benannt, wéi och d'Asteroiden (1573) Väisälä an (2804) Yrjö.