De Wulfilaich, fr.: Walfroy, och alt Wulflaik oder Wulfilaicus, gestuerwen ëm 600, war e langobardesche Mönch, deen am 6. Joerhonnert an der Géigend vu Sedan gelieft huet. Hie krut vum Tréierer Bëschof op engem Biergplateau zu Margut südëstlech vu Carignan (Ivoix) eng Plaz zougewisen, wou en als Klausener kéint liewen. Hien huet do eng Sail opgeriicht, woudrop en als Sailenhellege gelieft a gepriedegt huet. Virdrun huet hien en Hellegtum vun der Diana dat do stoung, zerstéiert. Ausserdeem huet hien do um Plateau e Klouschter an eng Kierch opriichte gelooss, déi dem hellege Martin geweit war. Spéiderhin huet de Bëschof him den Uerder ginn, vun der Sail erofzeklammen, an déi gouf zerstéiert.

D'Plaz vun der Klaus vum Wulfilaich sou wéi se haut ass

Hie gouf no sengem Doud an der Mäerteskierch begruewen.[1]

Zu Carignan gouf him 1869 e Monument opgestallt: Eng Sail mat enger Statu vun him uewendrop.[2]

Den Adam Reiners, Paschtouer zu Uewerwampech, huet e "patriotisches Theaterstück für Jünglingsvereine (ohne Frauenrollen" mam Titel Der Luxemburger Säulenheilige Wulfilaich (584), ein grosser Martinusverehrer geschriwwen. Et gouf net publizéiert; d'Typoskript gëtt an der Bibliothéik vum Seminaire versuergt.[2]

LiteraturÄnneren

  • Romain Hilgert: "Ein Luxemburger Säulenheiliger." In d'Lëtzebuerger Land Nr.33, 15. August 2014, S.11.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Patrick Ostermann: Romanische Sakralarchitektur zwischen Maas und Aisne, Band 2., S. 135.
  2. 2,0 2,1 Hilgert an der Literatur.