Wuert vum Joer

Auszeechnung fir lëtzebuergesch Wierder, déi pro Joer zu Lëtzebuerg vergi gëtt

Als Wuert vum Joer gëlt zu Lëtzebuerg e Wuert, dat dat Joer besonnesch markéiert huet.

Et gëtt zanter 2020 vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7, RTL Lëtzebuerg, an zanter 2024 zousätzlech mam Luxemburger Wort a mam Tageblatt, erausgesicht.[1],[2]

Modalitéiten

änneren

Vun uganks November (ufanks: uganks Dezember) u kann de Public seng Propositiounen iwwer de Site vum ZLS, seng Medie-Partner oder per E-mail areechen. Eng Jury vu 5 Leit wäert dann déi Virschléi aus, a mécht an engem éischte Schrack eng kuerz Lëscht vun den 20 heefegste Begrëffer, déi dann duerch zweemol Wielen op 10, dann op 5 reduzéiert gëtt.[1]

Wierder vum Joer

änneren

001. Presidententrick
002. Caritas-Affär
003. Heescheverbuet
004. Rietsruck
005. Grenzkontrollen[3]

001. KI / Kënschtlech Intelligenz
002. Fridden
003. ChatGPT
003. den neie Luc
003. Superwaljoer[4]

  1. Ukrainkrich
  2. Energiekris
  3. Präisdeckel
  4. Klimakris
  5. Index[5]

001. boosteren
002. CovidCheck
002. sheesh
004. Solidaritéit
005. Schwurbler/Schwurblerin[6]

  1. Corona
  2. bleiftdoheem
  3. Heibleifskärchen
  4. Lockdown/Confinement
  5. Geste-barrièren[1]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 "Corona ass d'Wuert vum Joer 2020." Communiqué op gouvernement.lu, 28.12.2020.
  2. Marc Thill: "Mir sichen d‘Wuert vum Joer - Maacht mat!" wort.lu, 04.11.2024.
  3. „Presidententrick“ ass d’Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024. Communiqué op portal.education.lu, nogekuckt de 27.12.2024.
  4. NB: 3 Mol ex-aequo fir déi drëtt Plaz. "KI ass d'Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2023." Communiqué op portal.education.lu, nogekuckt de 27.12.2023.
  5. ""Ukrainkrich" ass dʼWuert vum Joer 2022." Communiqué op gouvernement.lu, 27.12.2022.
  6. ""Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021." Communiqué op gouvernement.lu, 27.12.2021.