Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) regroupéiert déi audiovisuell an digital Aktivitéite vun der Mark RTL zu Lëtzebuerg. Dozou gehéieren den Tëleessender RTL Télé Lëtzebuerg (deen eenzegen allgemengen Tëleessender a Lëtzebuerger Sprooch), den RTL Zwee (den zweeten Tëleesprogramm), de Radiosender RTL Radio Lëtzebuerg, d'Internetsiten RTL.lu, RTL Infos (den Informatiounssite op Franséisch), RTL Today (den Informatiounssite op Englesch), RTL Play, d'Streaming-Plattform mat alle Radio- an Tëleesemissiounen, Livestreams, Serien, exklusive Podcasts a Videoen. Dozou kommen och d'Webradioen : Today Radio (deen eenzegen englesche Radiosender ronderëm d'Auer zu Lëtzebuerg), RTL Gold (de Webradio mat Non-Stop-Hits aus de 50er, 60er, 70er an 80er Joren), RTL LX (de Webradio mat Musek aus Lëtzebuerg), RTL +Rock (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Rockmusek), RTL +80er (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Musek aus den 80er Joren) an RTL +90er (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Musek aus den 90er).

RTL Lëtzebuerg
Typ S.A.
Sëtz CLT-UFA S.A. RTL Group
43, boulevard Pierre Frieden,
L-1543 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Christophe Goossens
Branche Medien
Homepage http://www.rtl.lu/

RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) gehéiert zu der RTL Group, der gréisster europäescher Entreprise mat private Radiossenderen, Televisiounsprogrammer an digitalen Contenuen.

Um Spaweck änneren